Die wichtigste Veranstaltung vun all Veräin ass d’Generalversammlung vun de Memberen. Op Amtsfranzéisch dann halt Assemblée générale.
Si ass och die eenzig, di souwuel am Veräinsgesetz (säit 1921), wi och eise Statuten, an der Fassung vu 2025, am Artikel 10 ausdrécklich virgesinn ass. Di folgend Punkten gëtt et dobäi praktisch ëmmer:
- Compte rendu des activités de l’année écoulée,
- Approbation du bilan ainsi que des comptes de profits et pertes,
- Présentation du rapport des réviseurs des comptes,
- Décharge du trésorier,
- Décharge du Conseil d’Administration,
- Élection du Conseil d’Administration,
- Désignation des réviseurs des comptes,
- Adoption du calendrier provisoire des activités,
Woubäi mir de Conseil d’Administration traditionnel Comité nennen.
Bei der Amicale huet d’Generalversammlung säit e puer Joerzengten d’Form, vun engem gemeinsamen Iessen, woubäi kuerz virdrunner, dachs och nach dono, dann deen offiziellen Deel ofgehalen.
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.