Rapport vun der Assemblée générale

Nodeems mir schon d’letzt Woch een kuerzen Iwerbléck iwert die wichtigsten Ergebnisser vun der Generalversammlung ginn haaten, hei dann een, e bessi méi détailléierte Rapport.

Nodeem eise Sekretär de Misch eis op d’Versammlung invitéiert haat, sinn die folgend Leit dann och een nom aneren am Restaurant “Le Lavandin” um Kierchbierg agetraff:

  • Präsent: Carlo Walentiny, Pit Jacoby, de Piggel Schweig, de Guy Mahowald, de Louis Philippe, den Tom Nickels, de Jean-Lou Sales, de Jang Feyereisen, de Stift Demuh, de Marc Tock, de Cos Colling, den Daniel Erpelding, de Christian Even, den Asorne’s Misch, d’Detaille’s Änder, de Marc Fischbach, de René Ries an de Christian Gatti.
  • Entschëllegt: Guy Lux

Folgendes stung um Programm:

Allocution du président Louis Philippe

De Louis huet an sénger kuerzer Ried als éicht mol drun ërennert, dass mir op eiser Versammlung d’läscht Joër vun de Flicken agespart gi waren, fir nit an die Schéisserei virun der Dir veréckelt ze ginn. Hien huet de Rapport 2008 als “nit blendend” zesummen gefaasst an insbesondere drop higewiesen, dass mir ee staarken Abbroch bei der Zuel vun de Gäscht op der Agape ze bekloën haaten, et werd wuel “ob een neit Kaschthaus” musse erauslaafen. Bekloot huet hien och, dass de Fussball ausgefall war, an dass mir onbedingt mussen eise Kontakt zum AVL verbesseren, well mir jo och all méi aal ginn. Erfreet huet de Louis awer och ervirgehow, dass mat dem Piggel an dem Guy Mahowald jo zwee méi jonker de Wee op d’Versammlung fond haaten.

Rapport d’activité 2008 du secrétaire

De Misch huet denn ausgeféiert:

  • Zur AG huet de Misch ageraumt, de Spektabel mat de Flicken d’letzt Joër verpasst haat
  • dass den Abbes den Tennis nees eng Kéier gewonnen haat
  • dass et wuel flott soll gewiecht sinn, ob de Baggerweieren ze trëppelen, wou se an der Rotonde giess haaten, wann och nit genuch wéi de JeanLouis mat engem Tëscheruff bekloot huet. Hien soot och, dass ongeféier 20 Leit mat getrëppelt waren.
  • Am Juni haaten eis Jonker, hiere Staffellaaf an hiert Ponttor, an den
  • 23. Juni waren mir nees op der Drëps zu Mamer. 2008 haate mir gudd Wieder, an et waren och nees vill Leit mat Kanner do
  • Bei Keelespill huet de Misch bekannte Gesiichter vermësst, an
  • dass och hien enttäuscht war doriwert, wéi den Owend an der Réiserstuff oofgelaaf ass, och wann de Männerchouer gudd mat Zugabe gesongen haat.

Da soot hien dass mir nei Enveloppen bestallt hunn, an e soot nach eng Kéier dem (owwiesende) Jens a sénger Madame Moro merci, fir den Envoi vun den Invitatiounen mat der Smail. Hien huet geméngt, geschwënn wier mol eng Këscht Knippercher fällig (fir d’Mme Moro).

Le Bilan financier 2008 du trésorier

Den Tom soot: die Bilan ging, baal sou ausgesinn, wéi die Joëren virdrunn. De Carlo Walentiny huet dann fir d’Keeserevisoren geschwaat, a geméngt dass sie kee Fehler fannen konnten. Zum Gléck a desen Zäiten, wier eis Kontoféierung jo erfreelich konservativ bliewen, an dofir eist Geld nach do.

Décharge du comité pour l’exercice 2008

Et guff nach eng Kéier iwert d’Agape geschwaat, a waat wuel d’Ursachen gewiecht kinnte sinn, dofir dass wou wéinig Leit kommt waren. Erwähnt guffen.

  • Den Datum war verluegt ginn: Normalerweis ass d’Agape ëmmer den 2. Samschden am November, fir dass d’Leit sëch kënne fréizäitig drop astellen
  • Réiser ass villäicht (z.B. fir d’Leit aus dem Norden an dem Westen) ze wäit
  • Et kinnt sinn, dass de Restaurant villen Leit einfach nit zouseet

Election de trois membres du comité, sortants et rééligibles

Sortant et rééligible waren: Asorne, Christiansen, Goedert a Philippe. De Fränz Goedert haat virdrunner erklärt, aus Altersgrënn nit méi kandidéieren zu wëllen. Dofir huet dann de Guy Mahowald sëch bereet erklärt die Plaatz z’iwerhuelen an die véier Leit guffen par Acclamation (ërem) gewielt.

Présentation des activités prévues pour 2009

ET guff iwert eise Programm fir 2009 geschwaat, die meescht Terminer leien nach nit fest, mee hei de provisorische Programm:

  • 10. Mee: Vélo-Pédestre ab Stadt Gronn
  • 13 oder 26 Juni: Fußball géint die Jonk
  • 23. Juni Picnic (Grillen) op der Dréps zu Mamer
  • 19. September Tennistournoi zu Moutfort
  • 14 oder 21. Oktober Keelenspillen
  • 14. November Agape

Divers

Et guff un eise Member Jean Christophe erënnert, den dest Joër am September gestuerwen ass. De Jean Christophe haat op der ARBED geschafft, a war no sénger Pensionéierung Buergermeeschter von der Kerjhéng. Christophe’s Jheng war 1962 Präsident zu Oochen.
{participants=9}

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.