-
Upcoming Events
-
Mar21Wed
-
May12Sat
-
Nov10Sat
-
-
dat neist
- E puer Fotoën vun der Agape 2011
- traditionnel Agape am CASINO 2000 zu Munneref
- De Menu steet fest:
- Geschwënn ass d’Agape
- Invitatioun fir d’Keelespillen 2011
- Fotoë vum Pique-Nique
- Invitatioun fir de Pic-Nic 2011
- Schéint Wieder um Trëppeltour!
- Ausfluch an d’Schlëff an Höhlen vum Mëllerdall
- Invitatioun Assemblée générale 2011
Pages
traditionnel Agape am CASINO 2000 zu Munneref
Léiwen aalen Oochener,
Heimadder welle mier Iech an Är(e) Conjoint(e) fir e Samsteg, den 12. November 2011 op eis traditionnel Agape am CASINO 2000 zu Munneref invitéieren. Den Apero get vu 19h30 un zervéiert.
Dono proposéiere mir Iech folgende Menü zum Präis vu 65€ (inclusiv Apéritif a Softdrinks während dem Iessen):
- Capucccino de Homard crème de tomates séchées
- Origami de dos de cabillaud, nage de Pétoncles
- Entrecôte de veau à la moutarde violette, flan parfumé aux champignons sauvages
- Mousse chocolat au lait
- Café et Mignardises
Fir gudd Ambiance an Danzmusek werd och gesuergt sinn.
Sollt Dier bei eisem Spill mat der Haam wäit derniewent geroden hun, kënnt Dir um Uschloss vun eiser Soirée är’t Gléck am Casino versichen. Denkt dofir w.e.g. un är Carte d’Identité.
De Casino bidd och Iwwernuechtungsméiglechten mat Kaffi fir 117€ d’Nuecht un. Reservatioun direkt beim Casino 2000 zu Mondorf (23 611 – 213 oder iwwer internet www.casino2000.lu).
Mellt Iech w.e.g. virum 6. November un iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President oder mäer (louphi@pt.lu / michel_asorne@bce.lu)
Fir de Comité
- Michel Asorne – Secrétaire
- Louis Philippe – Président
Posted in Aktivitéiten
Comments Off
De Menu steet fest:
Et feelt nach een Detail fir eis Agape, fir den Orchester di definitiv Zouso vum Här Meis. Dofir kenne mir mëttlerweil wat et z’iessen get, dest Joër get et kee Choix, dofir steet folgendes um Menu:
- Capucccino de Homard crème de tomates séchées
- Origami de dos de cabillaud, nage de Pétoncles
- Entrecôte de veau à la moutarde violette, flan parfumé aux champignons sauvages
- Mousse chocolat au lait
Dowéinst get kee Grond méi fir nach laang ze zécken, meld Iech alt un! Cf. Lëscht vun denen die scho gemeld sinn.
Preis mat Apéro, Softdrinks, Café an Mignardises Participatioun 65€
Posted in Aktivitéiten
Comments Off
Geschwënn ass d’Agape
Nach stinn nit all Detailler fest, mee folgendes ass schon emol secher léif Memberen:
- Di traditionnelle Agape ass dest Joër, wéi dat lescht zu Mondorf!
- Et werd eng Animatioun ginn,
- a mir hunn eis Jonker vum AV d’Letzebuerger gefrot fir eis dest Joër mat Präsenz, NIT vum Männerchouer mee mat deeër vum Comité ze erfreeën.
- an, Dir kënnt Iech alt schon emol umellen
Posted in Aktivitéiten
Comments Off
Invitatioun fir d’Keelespillen 2011
Léiwen aalen Oochener,
no der Summerpaus steet direkt eng méi oder manner sportlech, dofir ëmsou méi kollegial a lëschteg Aktivitéit um Programm vun der Amicale:
Keelespillen 2011
Dofir gi mer eis e e Mëttwoch den 12. Oktober um 19h Rendez-Vous um Kierchbierg an der Brasserie Kirchberg (wou mer eis och d’läscht Joer ëm de Pokal beméit haten). Natiirlech stärke mer eis kräfteg éier et dann endlech ëm d’Wurscht geet
Mir wäre frou wann’s du dech virum 9. Oktober iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President géifs umellen (louphi@pt.lu / Tel: 388444)
Bis geschwënn
- Michel Asorne – Secrétaire
- Louis Philippe – Président
Posted in Aktivitéiten
Comments Off
Invitatioun fir de Pic-Nic 2011
Léif jonk an al Oochener,
Wéi an de vergaangene Joeren invitéiere mer Iech mat ärer Famill och dëst Joer op Nationalfeierdag, Dënnstes den 23. Juni, op eisen traditionelle Picknick.
D’Adress ass weiderhin onverännert: mer ginn eis Rendezvous « op der Drëps », am Bësch hannert der Thillsmillen tëscht Mamer a Koplescht.
Vu 11:30 un si mer op der Plaz an offréieren den Aperitif éier dann e gudde Maufel vum Grill zerwéiert gëtt. Zaloten, Gedrénks, Dessert a Kaffi hu mer natierlech och erëm derbäi.
Nomëttes kann da jidderee seng Verdauung bei enger Partie Petanque ureegen oder mat de Kanner an der Baach puddelen.
Denkt w.e.g. drun fir äre Kanner e Puer Stiwwelen an eng oder och zwou extra Garnituren dréchent Gezei anzepaken …
Umelle sollt der Iech bis den 18. Juni op eisem Internet-Site http://www.aachen.lu . oder mellt iech einfach bei eisem President, dem Louis (louphi@pt.lu) oder bei mär (michel_asorne@bce.lu).
Bis geschwënn
Michel Asorne – Secrétaire
Louis Philippe – Président
Posted in Aktivitéiten
Comments Off
Schéint Wieder um Trëppeltour!
Eisen Trëppeltour am Mëllerdall war zwar kuerzfristig ugesat ginn, awer nit zuletzt wéinst dem gudde Wieder e vollen Erfolleg.
Besonnesch spektakulär waren natierlich d’Höhlen fir déi genuch Täscheluete matgeholl gi waren.
Ofgeschloss guff mat dem Spargeliessen beim Steinmetz zu Bech. De Wiert huet eis, och wa mir scho laang nit méi do waren awer direkt ërem erkannt, als “d’Sänger vun Oochen”.
Et waren um Rendez-vous:
Fränz Goedert, Louis Philippe ,Constant Colling,Michel Asorne,
Claude Bellot ,Tom Nickels,Daniel Erpelding ,Ries René, Jean Feyereisen.
Posted in Aktivitéiten
Comments Off
Ausfluch an d’Schlëff an Höhlen vum Mëllerdall
Léiwen aalen Oochener,
Virun eisem Pic-Nic invitéiere mer Dech an Deng Famill op eng méi ustrengend, mee grad esou geselleg Aktivitéit:
Den Trëppeltour vun der Amicale
Mer proposéieren dëst Joer en Ausfluch an d’Schlëff an Höhlen vum Mëllerdall. Rendez-vous as den 2. Juni um 10h30 zu Heeschbreg (Hersberg) beim Buer am Duerfausgang Richtung Kuebebuer. De Wee féiert eis bis op d’Konsdrëffermillen, wou mer dann Demi-Tour maachen. Heeschbreg läit bei der Schanz (Altrier) niewt der Iechternacher Streck.
Mer loossen den Ausfluch dann uschléissend gengt 12h30 am Restaurant Steinmetz zu Bech auskléngen, wou eis e Plat mat Spargelen zervéiert gët.
Melld Iech w.e.g. esou schnell méi méiglech op eisem Internet Site http://www.aachen.lu oder beim Louis Philippe un (louphi@pt.lu).
Bis geschwënn
Michel Asorne – Secrétaire
Louis Philippe – Président
Posted in Aktivitéiten
Comments Off
Invitatioun Assemblée générale 2011
Leiw jonk an aal Oochener,
Heimader invitéieren mir Iech en Mëttwoch, de 9. März um 19h30 an den Restaurant « Le Lavandin » (23, rue de la Lavande / Luxembourg-Kirchberg) op eis
Assemblée générale 2011
Den Ordre du Jour :
- Allocution du président Louis Philippe
- Rapport d’activité 2010 du secrétaire
- Le Bilan financier 2010 du trésorier
- Décharge du comité pour l’exercice 2010
- Election de trois membres du comité. Sont sortants et rééligibles: Pierre Jacoby, Marc Fischbach et Marc Tock
- Présentation des activités prévues pour 2011
- Divers
Aus praktesche Grënn proposéiere mer Iech folgend Menuer
| Menu „Poisson“ | Menu „Viande“ |
|---|---|
| Timbale de champignons de Paris et tomates séchées Tagliatelles au dés de saumon Coupe de salade de fruits frais de saison |
Mesclun et jeunes pousses filet de poulet grillé aux épices Thaï Petites côtes de porcelet à l’ail et gingembre Tartelette aux poires et son filet de caramel |
| Prix : € 34,65 | Prix : € 35,00 |
W.e.g. umellen bis den 3. März 2011, per Internetformulaire op http://www.aachen.lu/ oder E-Mail (mailto:michel_asorne@bce.lu resp. mailto:louphi@pt.lu).
Kuckt an deser Lëscht vun de Umeldungen, ob wien nach kënnt an ob Är Umeldung ukomm ass.


































































Add to Google