Wéi kréien ech ee Username?

Fir de Website

Mir stellen all Member a verschiddenen anere Leit ganz gären een Zougang zu dësem Site, mat deenen ënnerschiddlichste Rechter (reng konsultativ, Auteur, Editor, Administrator), je nodeem wat hinnen zousteet, bereet.
Maach dozou einfach eng E-mail un de Webmaster.

Fir de Membersfichier

Et gëtt Leit, di mussen de Membersfichier verwalten.
D’Software dofir ass nit all ze verbreed, an dofir kann do nit einfach sou een Zougang per Mausklick ugeluegt ginn, mee et muss eppes am Quellcode geännert ginn!
Wann den de Webmaster Iech wëllt een Zougang maachen, muss Dir him soen, wéi ee Passwuert dass Dir gären hätt. Hien wellt a soll dat awer guer nit kennen, dofhir gëtt et codéiert!
Nei Manager vum Fichier!

  1. gitt op http://test.aachen.lu/fichier/
  2. Tippt an d’Feld “Username” den Text “make md5” an
  3. Tippt dat gewënschten Passwuert an, an dreckt [login]

  4. Kopéiert den Zuelencode dee sou generéiert gett aus dem mofe Feld hannert MD5: a maacht eng Mail domadder un de Webmaster.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.