Tag Archive: keelen

Photoën vum Keelenspill 2016

Well et d’letzt Joer sou gutt do war, an och kee Loscht hat nach eng Kéier eppes aneres erauszesichen, hat eise Piggel ons och dest Joer d’Keelebunn zu Koppelecht reservéiert. Leider sollt hien selwer nit kënnen dohinner kommen, hien gouf zur Onzäit krank. Den Owend war allerdings gutt besicht, an zwar och vun eisen weiblichen Memberenn a souguer een Hond hat de Wee mat séngem Besetzer op Koppelecht fond!

E sportlechen Oktober

Léif Al Oochener, nodeems d’Summerpaus riwwer as an et scho lues awer sécher ufänkt méi kal dobaussen ze gin hu mer iech am Oktober direkt e puer sportlech Aktivitéiten unzebidden fir iech waarmzehalen.   Den 20. Oktober um 19:00 as eisen traditionellen Keelenowend zu Koplescht am Café op der Bréck. Menu vum Owend as am Prinzip Ham, Fritten an Zalot.   Wa lo een domat net frou as, soll e mer dat matdeelen, da kann de Kach bestemmt och eppes aneres zauberen. Weider Informatiounen zum Bistro fannt der op http://www.opderbreck.lu. Mellt iech w.e.g. hei un: Weider um Programm: Den 28….
Read more

Fotoën vum Keelespillen

D’letzt Woch, en Donneschden hunn di Oochener hiert Keelespill gehat. Zu ménger grousser Iwwerraschung, war ech des Kéier deen eelsten, wou mir dach e puer gutt Keelespiller ënnert deenen eelere Semester hunn. Erfreet ware mir allerdings dass méi Leit koumen ass wéi ugemellt worden. De Schrulli huet dunn d’Kaarten gezuckt, an et guffen 2 Equippen gebild: Rout: Misch, Schrulli, Frigo, Jean-Marie, Vinz, Piggel (a Caroline) Schwaarz: Wiesel, Guy, Pitti, Chris, Heini, Phlëp (a Sophie) Nodeems mir eis e bessi waarm gemeet haten, an ech feststellen konnt dass et op deser Pist onwahrscheinlich schwierig ass, di éischt Klatz ëmmer matzekréien, hu…
Read more

Keelespillen 2015

Léiw Keeleraiber, den Hierscht as do, duerfir gin dei meescht sportlech Aktivitéiten rem no bannen verluegt. De 15. Oktober um 19:00 as dann och eisen traditionellen Keelenowend zu Koplescht am Café op der Bréck. Menu vum Owend as am Prinzip Ham, Fritten an Zalot. Wa lo een domat net frou as, soll e mer dat matdeelen, da kann de Kach bestemmt och eppes aneres zauberen. Weider Informatiounen fannt der op http://www.opderbreck.lu. Umelle kennt konnt der iech hei: Entschellegt déi spéit Matdeelung, mee si mer Éierlech, dir hat eech den Datum jo souwisou schon opgeschriwwen ;) Vergiesst och net iech de…
Read more

Keele gespillt zu Féngig

Desen Denschden hate mir Keelen zu Féngig gespillt, an zwar an der Féngeger Stuff. Dese Kaffi ass villen vielläicht nach besser als “Beim Jacques” bekannt, an heescht wahrscheinlich lo Féngiger Stuff, well de Wiert virdrunner d’Holzemer Stuff bedriwen huet? Mir hunn zwou Equippen duerch d’Lous bestëmmt an déi sinn da géint eneen ugetrueden: Louis, Misch, Schrulli, Marc T., Claude B., nom Iessen kumm nach de Frigo derbäi, géint: Änder, Chris, Piggel, Jacques, Pierre, Wiesel, D’Spill guff kuerz ënnerbrach, fir den traditionnelle Kascht: Ham, Fritten an Zalot ze maufelen.

Keelenowend

Léiwen alen Oochener, en Dënschdeg, de 15. Oktober, hu mer d’Keelebunn vun der Féngeger Stuff vu 19 Auer un fir d’Amicale reservéiert. No der traditioneller Stäerkung wettäiffere mer dann erëm an aller Frëndschaft ëm de begierte Pokal. All alen Oochener ass wëllkomm, egal op Keeleraiber oder Geleeënheets-Spiller ! Umelle kanns de dech hei: Hei d’Adress vun der Féngeger Stuff: 3 Rue de l’Eglise L-4979 Fingig Bis geschwënn, fir de Comité Michel

Invitatioun fir d’Keelespillen zu Angelduerf

Léiwen aalen Oochener, Als optimal sportlëch Virbereedung op den Ausfluch op Oochen proposéiert de Comité vun der Amicale folgend quasi-olympesch Aktivitéit: Keelespillen beim Äppel a Biren Rendez-Vous as e Mëttwoch den 03. Oktober 2012 um 19h30 zu Angelduerf am Restaurant Äppel a Biren (1, route d’Ettelbrück, L-9160 Ingeldorf). Natiirlech stärke mer eis kräfteg éier mer ëm de grousse Pokal wettäifferen. Mir wäre frou wann’s Du Dech bis den 29. September per Internet (www.aachen.lu) oder Email bei eisem Keele-Spezialist, dem Jean-Paul Schreiner géifs umellen (jhemp@internet.lu). Gudd Holz Michel

Keelen 2010 – d’Invitatioun

Léiwen aalen Oochener, virun eiser Agape steet nach eng wichteg sportlech Aktivitéit um Programm vun der Amicale: Keelespillen 2010 Dofir gi mer Iech e Mëttwoch den 20. Oktober 2010 um 19h30 Rendez-Vous an der Brasserie Kirchberg 193, rue du Kirchberg L-1858 Luxembourg-Kirchberg) Webpage http://www.brasseriekirchberg.lu. Natiirlech stärke mer eis kräfteg mat Fritten, Ham an Zalot éier mer ëm de grousse Pokal wettäifferen. Mir wäre frou wann’s du dech virum 16. Oktober iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President oder mäer géifs umellen (louphi@pt.lu / Tel: 388444 / michel_asorne@bce.lu) Bis geschwënn Michel Asorne – Secrétaire Louis Philippe – Président Lëscht vun…
Read more

</