Tag Archive: 120 Joer AVL

120 Joer AVL: Beachvolleyball

Op dem letzten Dag waren di mannsten al Oochener nach do, mee dach nach erstaunlich vill. Virun allem jonk al Oochener woren hei un ze treffen, an et wor de “studentischsten” Deel. Ech hat deelweis grouss Schwierigkeeten di Jonk erëm ze erkennen, lo wou se nit méi am Kostum woren. Fir selwer matzespillen wor ech natierlich ze onsportlich an doriwwer eraus ze al. Mee et guff jo och gegrillt, domadder konnt ech eppes ufänken. D’Haaptschwierigkeet war et, fir de Sportzentrum zu Laurensberg ze fannen. D’waren awer genuch Schëlder do. De Gesamtfazit: eng gelonge Veranstaltung vun eisen Jonken. Perfekt Performance a…
Read more

120 Joer AVL: de gesellschaftlichen Héischpunkt: am Ratskeller

De Knackpunkt vum zweeten Dag war, fir iwwerhaapt eranzekommen. Et huet ee missten eng Mask undoën, wat den Leit méi oder manner gelongen wor. De Stehempfang war op der Terrasse vum Ratskeller, Dono guff d’Joerhonnertfoto “Tout AVL 2017” geschoss. Ech ginn hei de Lieser nees e puer Méiglichkeeten zur Auswahl: An du guff g’iess, ouni laang Rieden, di komplett ënnert den Desch gefall sinn. Herno, wor lockeren Ausklang mat Diskomusëk. Flott war, dass een och konnt dobaussen sech ophalen. Aachen by Night.

120 Joer AVL: Eng Visite am Centre Charlemagne

Um zweeten Dag wor ab 14:00 de kulturelle Pflichtprogramm: Eng Visite vum neie Musée fir Stadtgeschichte, de Centre Charlemagne. Do hu se e puer ellen Verwaltungsgebeier um Katschhof fir opgerappt. Gut gemacht, Stadt Aachen! Do waren schon däitlich manner Leit komm, wéi op d’Ponttor, mee awer nach sou vill, dass mir hu missten zwou Gruppen vu jeweils 15-16 Leit maachen (ech hu si nit gezielt). Hei e puer Fotoën. Selbstverständlich gëtt et méi ze kucken, och wann et e “pädagogikzentrierte” Musée ass, a keen de mat enger Villzuel vun Exponaten opwarten wëll. Desen Nomëtteg war souwisou méi dem Spazéieregoën gewidmet….
Read more

120 Joer AVL: “Ponttorfeier” iwwert der Mayerschen

Hei e kuerze Bericht iwwert d’Participatioun vun e puer alen Oochener un den 120 Joerfeierlichkeeten zu Oochen. Hei deen éischten Deel, den Opmaacher: Ponttorfeier. D’Studenten haten eis an den “Forum M” geruff. Di méi al vun eis hunn do e bessi gestutzt? Si si lo sou seriö, dass lo souguer schon d’Ponttor am Hörsall stattfënd? Mee Nee! De Forum M ass eng Etage iwwert der Mayerschen Buchhandlung an der Buchkremerstrasse, beim “Kreislauf des Geldes”, di een ka lounen. D’Studenten haten ganz pragmatisch, hiert Héichamt “Ponttor”, also eigentlich d’Feier zum Nationalfeierdag, an d’Festlichkeeten matagebonnen a souguer verschiddenen Letzebuerger Firmen zu enger…
Read more

Invitatioun 120 Joer AVL

  • 16. Juni: 18:00 Ponttorfeier am Forum M
  • 17. Juni: 14:00 Visite vum Centre Charlemagne – 19:00 Ratskeller mam Thema „Maskebal“
  • 18. Juni: 12:00 AVL-Beach-Tournoi um Laurensbierg