Tag Archive: Staffellaf

Op der Rezeptioun vum Staffellaf zu Walfer

Dëst Joer haten mir et mol erëm eng Kéier geschafft, wa schonn nit beim Lafen dann dach wéinegstens moralesch di Jonk bei hirem Staffellaf z’ ënnerstëtzen. Dräi Membere vum Comité (Marc Fischbach, Pierre Schweig an ech selwer) woren beim Empfang an dem uschléissenden Éierewäin vun de Leefer an de Vëlofuerer duerch de Walfer Buergermeeschter Guy Arendt am Haus Dufaing derbäi. 2013 war Walfer d’ Ziel vum Staffellaf, den all Joer an enger anerer Gemeng vum Land ukënnt. De President vum AVL, den Ou Xi Zahn genannt Ouschi ass iwweregens ee vu Walfer.

Staffellaaf 2009

Die Jonk vum AVL schreiwen eis: Leif Memberen wei dir bestemmt schon matkrut an desen Weekend (12-13 Juni) eisen traditionnellen Staffellaf. Mir geifen eis freen wann um Départ zu Oochen op der Maartplaz (Freides Moies 9 Auer) an besonnech op der Arrivée zu Lentgen um Fussballsterrain (Samsdes 16 Auer) eng Rei Leit geifen kommen fir eis Sportler ze empfänken. Zu Lentgen gett et och en Eirewäin an wann d’Wieder et zouleisst get e bessen gegrillt. Also vill gudd Grenn laanscht kucken ze kommen :) Wien well kann och Freides Owes emol beim Jhemp laanscht luussen kommen. Bis hoffentlech um Staffellaf…
Read more

Staffellaaf a Ponttor

Den AVL huet grad säi Programm mat de geplangte Manifestatiounen verschéckt, an ëch wollt Är Opmierksamkeet op zwou davonner zéien, die traditionnel och gären vun aalen Oochener besicht ginn: Staffellaaf Den Satffellaaf feiert eis dest Joer op Vianden. Daat heescht mir laafen vun Oochen bis bei den Koeppe Jhemp, an den Daag drop vum Jemp bis op Vianden. Vianden feiert dest Joer 10000 bis 1000000000 järegt Bestehen, an mir därfen zu deem Fest do ukommen. Waat eng Eier!! Gelaaf gett vum 13 Juni bis den 14 Juni. Mir laafen an verschiddenen Etappen, emmer sou zu 4-5 Leit. Fir dass dir…
Read more

Rapport vum Grillfest

Trotz villem Reen, gudd besicht a grouss a kléng haat vill Spass beim Grillen a beim Spillen an der Baach

Startschoss vum Staffellaaf

Dest Joër war beim traditionnelle Staffellaaf vum AV d’Letzebuerger alles anescht, well dest Joër kritt den Jean-Claude Juncker de Karlspreis. Originell Léisung vun den Terminproblemer: Sie laafen dest Joër nit Freides vun Oochen op Letzebuerg, mee vu Capellen (dem JCJ säin Duerf) op Oochen a kommen mar do un. Eise Präsident Louis Philippe, den Asorne’s Misch a ëch (de Wiesel) waren dofir op Capellen kucken. Et guff Kaffi a Mëtschen vun der Mamer Geméng, a nom Präsident Ben Müller, den d’Emstänn erläutert huet, huet dunn den Buergermeeschter Gilles Roth séng Ried gehaalen, an no dems hien mat vill Méih fir…
Read more