Assemblée Générale 2020

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Et ass endlech erëm sou wäit an di éischt Aktivitéit fir dëst Joer steet um Programm. Mir invitéieren Iech häerzlech op d´

Assemblée Générale 2020

Rendezvous ass den 11. Mäerz um 19:00 an der Mëllereffer Stuff (1, Rue de l’Alzette, L-7305 Steesel).
Op der Dagesuerdnung steet dëst Joer:

  • Allocatioun vum President
  • Aktivitéitsrapport vum Secretaire
  • De Bilan aus der Siicht vum Tresorier
  • Den Avis vun de Keesereviseuren
  • Decharge vum Comité fir den Exercice 2019
  • Wal vun de Comitésmemberen. Folgend Memberen si sortants a rééligibles:

André DETAILLE, Jean-Paul SCHREINER, Caroline GASPAR, Sophie HELLINGHAUSEN a Paul NATHAN.

Dëst Joer ginn och e neie President a Vize-President gewielt. Dir kennt är Kandidatur fir desen oder soss e Posten bis zum Ufank vun der AG stellen.

  • Virschau op d‘Aktivitéite fir d‘Joer 2020
  • Verschiddenes

Zur gudder Lescht gëtt et eppes Gutts z’Iessen, an zwar a Form vun engem Buffet. Opgedëscht ginn verschidden Lëtzebuerger Spezialitéiten (fir 38 €).

W.e.g. umelle bis den 4. Mäerz iwwer onsen Internetsite.


Ech erlabe mer Iech och nach eng Kéier drun ze erënneren datt eise Membersbäitrag fir d’Joer 2019 onverännert bei 15€ läit. Hei eis Kontosnummeren:

CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000
BILL : LU79 0027 1005 3380 0000


Mat beschte Gréiss,
Fir de Comité
Sophie Hellinghausen



Bis elo ugemeld sinn:

Numm
Pierre Schweig
Elio Rerman
Ou-xi Zhan
Guy Mahowald
Tom Nickels
Michel Hansen
Louis Philippe
Guy Lux
Pol Dax
Luc Frantzen
Tom Jung
Michel Waringo
Jean-Paul Schreiner
Jacques Meisch
Jean-Marie Strasser
André DETAILLE
Sophie Hellinghausen
Dengler Simone
Malget Joe
Daniel Erpelding

1 Trackback / Pingback

  1. Guy Lux, neie Präsident vun der Amicale – Aachen.lu – die Al Oochener

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.