Kalenner

Jun
23
Fri
2023
Grillfest op Nationalfeierdag @ CNL Natique du Luxembourg
Jun 23 @ 11:30 – 18:00

Léif al Oochenerinnen an Oochener,

Och dëst Joer invitéiere mer Iech op eist

Traditionellt Grillfest op Nationalfeierdag
Freides, den 23. Juni ab 11:30 zu Bech-Maacher

Den Oflaf ass wéi gewinnt:

  • Aperitif
  • Gegrills mat allem wat dozou gehéiert
  • Dessert a Kaffi
  • Ronderëmturnen op der Wiss mat Volleyball etc.
  • Spaass mam Motorboot op der Musel mat Waasserschi, Wakeboard, Wakesurf oder Promenade.

De Site vum Club Nautique du Luxembourg (www.cnlwaterski.lu) ass direkt un der Musel, wann der vu Réimech kommt, hannert dem Hein lénks eran iwwert eng kleng Bréck. Parke kennt der vis-à-vis beim Losch: 5, Quai de la Moselle zu Bech-Maacher. Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 21. Juni iwwert de Formulaire heirënner un. D’Participatioun ass 20 Euro pro Erwuessenem.

Grillfest 2023


Bis elo sinn ugemellt:

Numm
Virnumm
Unzuel Erwuessener
Unzuel Kanner
ggf. Kommentar
Erpelding
Daniel
1
0
Umeldung an Test op dat mat dem Kommentar klappt
Schreiner
Jhemp
2
3

Jul
8
Sat
2023
Futtball géint di Jonk @ Centre Sportif zu Lëntgen
Jul 8 @ 15:00 – 19:00

Léif al Oochenerinnen an Oochener,

Déi lescht Aktivitéit virun der Summerwakanz ass ons sportlechst. An zwar ass dat de :

Fussball géint di Jonk
Samschdes de 8. Juli 2023 ab 15:00 Auer
am Centre Sportif zu Lëntgen

De Match gëtt géint 15:30 ugepaff. D’Adress ass 50, rue de la Gare, L-7448 Lëntgen. Et ginn ëmmer Amateuren fir ze spille gesicht. Also zéckt net a mellt Iech w.e.g. bis spéitstens de 6. Juli mathëllef vum Formulaire heirënner un.

Football géint déi Jonk 2023
Ech sinn *
Ech spille mat
Ech grillen mat

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.