Invitatioun Assemblée Générale 2015

Léif Kolleginnen a Kollegen,

d‘neit Joer as mëttlerweil scho rem net mei grad sou nei, an déi éischt Aktivitéit vun der Amicale steet un. Dofir luede mer iech en Mëttwoch, den 18. Mäerz um 19:30 an de Restaurant L’Ultimo (83, Route d’Arlon, L-8211 MAMER) an op d’

Assemblée Générale 2015

Op der Dagesuerdnung steet dëst Joer:

  • Allocution vum President
  • Aktivitéitsrapport vum Secrétaire
  • De Bilan aus der Siicht vum Trésorier
  • Décharge vum Comité fir den Exercice 2014
  • Wal vun de Comitésmemberen. Folgend Memberen si sortants a rééligibles:        Guy Lux, Jean-Louis Sales, Jean Feyereisen an Marc Fischbach
  • Virschau op d‘Aktivitéiten fir d‘Joer 2015
  • Verschiddenes

Uschléissend géife mer zu dem kulinareschen Deel kommen wou mer op der Plaz tëscht 4 Entréeën a 6 Haaptplaten wiele kënnen. De Präis läit jee no Haaptplat tëscht 19,9 € an 24,9 €. Wien dann nach Honger huet kann sech mat engem Dessert à la Carte verwinne loossen. De Menü fannt der e puer Deeg virdrun op http://www.espaces-saveurs.lu/lultimo_menusdumoment.php.

W.e.g. umellen bis den 15. März, am einfachsten hei:

[lop3 h=”1425466581″]

Ech erlabe mer Iech och nach eng Kéier drun ze erënneren datt eise Membersbäitrag, trotz der TVA Erhéigung, fir d’Joer 2015 onverännert bei 15€ läit. Hei eis Kontosnummeren:

CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000
BILL : LU79 0027 1005 3380 0000

Mat beschte Gréiss,

Fir de Comité

Pierre Schweig

1 Trackback / Pingback

  1. Rapport vun der Generalversammlung 2015 | Aachen.lu – die Aal Oochener

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.