Rapport Generalversammlung 2010

Présent waren:
Kayser Fränk, Guy Lux, Heusbourg Dany, Fehr Annick, Reckel Carlo, Theis Pascal, Kneip Erni, Demuth Jean-Paul, Charel Grethen, Louis Philippe, Tom Nickels, Fränz Goedert, André Detaille, René Ries, Carlo Walentiny, Jens Christiansen, Guy Heuertz, Pit Jacoby, Marc Fischbach, Jean-Louis Sales an Daniel Erpelding.

Konnten nit kommen an hu sech entschëllegen gelooss: Michel Asorne a Marc Tock

Nodeems hien erfreet festgestallt hat, dass méi Leit agetraff waren wéi séch der ugemeld haten, huet de Präsident Louis den offizielle Deel vun der Versammlung opgemaat, mat séngem Aktivitéitsbericht vum Exercice 2009. Besonnesch ervirgehuewen huet hien

  • De kombinéierte Velos- an Trëppeltour, een Konzept wat gudd ukomm war, an dowéinst werd wiederholl ginn
  • Dass die al beim Fussball erwaardungsgeméiss verluer haten,
  • an dass die nei Keelebunn zum Lampach, “kéng einfach Bunn” wier. Bis d’virescht Joër si mir jo ëmmer op Stroossen Keelen spille gaangen, mee dee Kaffi get et nit méi
  • an dass eis Agape dest Joër ënnert dem Motto “lëtzebuerger Spezialitéiten” stung.

Wëll de Misch nit konnt derbäi sinn, haat den Louis säi Rapport einfach matgemeet, dowéinst war et lo um Tom fir de Keesebericht ze maachen. Sou, et erwaard jo lo keen, dass ech die Zuelen hei, an aller Öffentlichkeet widerhuelen, wien dat gäre wéisst soll d’nächst Joër op d’Versammlung kommen :-P

D’Keeserevisoren Grethen a Walentiny hunn der Versammlung virgeschloën, dem Tom d’Entlaaschtung och dest Joër ze ginn, a sou koum et dann och. Entlaascht guff och der Rescht vum Comité, a well et kéng nei Kandidaturen guff, a an d’Membre sortant bereed waren nach een Joër op d’Versammlungen ze kommen, gesäit de Comité 2010 aus, wéi de vun 2009, wann och nit optisch, sou dach personnell.
De Louis huet dann och nach e puer provisorischer Datummer genannt, fir eis Aktivitéiten 2010:

  • 2. Mee Trëppelen a Velofueren
  • 23. Juni Picnic (Grillfest) zu Mamer op der Drëps
  • 25. September Tennistournéier zu Moutfort
  • 20. Oktover: Keelen beim Muller zu Limpach
  • 13. November: Agape, wou wesse mir nach nit

Ennert dem Punkt “divers”, huet de Kolleesch Knippi ugereegt, dass mir sollten zesummen mat dem Bus op Oochen fueren, z.b. de neie Stadioun ukucken. D’Idii kumm gudd un, muss awer nach am Comité diskutéiert ginn. Als eenzigen Detail guff festgehalen, dass mir am beschten awer “ouni d’Fraën”, also ouni d’Partner, sollte fueren.

Ugereegt guff och, d’Kontosnummer vum Veräin nit just wéi bis elo op enger extra Säit iwert d’Cotisatioun, mee op ALL Säit vum Website sichtbar ze maachen. Dem ass de Webmaster dann och an Tëschenzäit nokomm.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.