Website

Alles waat desen Website selwer betrëfft

De Sticky Post – oder wéi bleift d’Invitatioun uewen?

De Pique-Nique ka kommen, mir si mat eise Preparativen scho gutt virukomm! Fir dass och d’ Aarbechten nom Pique-Nique, dee jo eigentlech éischter ee Grillfest ass, gutt vun Hand ginn, hunn ech e puer (hoffentlech) brauchbar Gebrauchsuweisungen geschriwwen, z.B. Wéi maachen ech e Posting mat ville Fotoen? Wéi reduzéieren ech meng Fotoen fir op de Site? An nach eng ganz wichteg. Villäicht huet Dir et bemierkt, dass d’Invitatioun fir d’Grillfest lo an der Lescht ëmmer uewen bliwwen ass, obwuel mir weider Bäiträg geschriwwen hunn ? Dëst hunn ech gemeet, fir dass Leit di lo nit sou dacks hei laanscht kucken…
Read more

Gebrauchsanweisung am Opbau

Säit ech an de Comité gewielt gouf, war ech Webmaster vun der Amicale, an zwar ganz eleng. Wuel hat ech schonn 2005 op ee System gewiesselt, mat dem et méiglech gouf fir dass méi wéi een Auteur kinnt Saachen op de Site setzen, bis op e puer luewenswäert Ausnamen ass et awer derbäi bliwwen, dass d’Leit mär hier Saache ginn hunn, fir dass ech se an hirem Numm soll op de Site setzen. 2006 hunn ech zousätzlech nach Gestioun vum Membersfichier iwwerholl. Op der letzter Comitéssëtzung hu sech dann endlech zwee (nei!) Memberen erbaarmt an iwwerhuelen zu menger Entlaaschtung an…
Read more

D’Photoën méi iwwersichtlich präsentéiert

Aachen.lu ass ee Weblog. D.h. dass och d’Fotoën vun enger Aktivitéit meeschtens, kuerz no der Veranstaltung entweder un de Bericht drugehaangen, oder auch einfach esou als Bäitrag (Posting) publizéiert ginn. Fir se méi einfach ëremzefannen, oder fir einfach mol ze luussen, wat mir sou hunn, guff lo d’Säit Photoën mat hieren Ënnersäiten nei organiséiert. Ob der Säit fand Dir, dräi zoufällig ausgewielte Fotoën vun eisen Aktivitéiten (!) an eng Opstellung zu welchen Themen mir der hun.

Die nei Kallennersoftware

Nodeems se schon eng Zäitchen am Asatz ass, wier et vielläicht un der Zäit, die nei Kallennersoftware mol virzestellen. Sie get zwar nach laafend weiderentwéckelt, allerdings werd et just nach punktuell Verbesserungen ginn, ansonsten leeft se stabil. D’Inconveniants vun der aaler Sofware. Baséiert op fichier’en, souwuel fir d’Konfiguratiounen, ass wéi fir d’Daten Schwierig ze warten, huet Schreiwrechter op dem Filesystem gebraucht a war an Joëresdossier’en organiséiert Ausser dem Webmaster (mir) konnt konnt (praktisch) keen nei Daten androën1. -> Ausfallproblematik. haat keen Floodingschutz,  a war domadder fir SPAM ufällig. Erstaunlicherweis ass et allerdings baal nie zu Virfäll komm. Features vun der…
Read more

Neie Layout: atahualpa

Aachen.lu ass schon eng Kéier zäitcheweis am Atahualpa Look gelaaf. Dunn awer haaten d’Walfer Huesen sëch fir den Layout décidéiert, an ëch wollt Konfusiounen beim Internaut vermeiden. Dunn kum die nei Versioun 2.3 eraus, an ëch konnt nit wiederstoën. Den Layout bidd iwer 300 verschidden Detailler, die een kann astellen. Laut Wikipedia, war den Atahualpa: Atahualpa, nach peruanischer Quechua-Schreibung Atawallpa (auch Ataw Wallpa; * um 1500; † 26. Juli 1533 in Cajamarca), der Name bedeutet auf Quechua »tapferer Truthahn«, war der letzte Herrscher des Inkareiches. Atahualpa heescht also een als Schnuddelhung verkleedten Indianer! Mat dem Layout Fusion war ëch nie…
Read more

Nei Software fir de Membersfichier

De Membersfichier vun der Amicale get jo zenter e puer Joër schon online verwalt, waat de Virdeel huet, dass méi Leit dru kommen (Président, Sekretär, Tresorier, etc.). Dozou haat ëch selwer eng Software am PHP geschriwen, die allerdings nit besonnësch performant war. Ab sofort werd eise Membersfichier mat der Software Iaddressbook verwalt ginn, déi de Schwäitzer Student Clemens Wacha geschriwen huet. De Produit huet e ganze Koup schéin Features, e.a. och Import an Export an d’Format vcard an csv. Sou guff och den aale Fichier portéiert. Leider kann een lo nit méi selwer säin Kont nofroën (an z.B. kucken ob…
Read more

Changelog

An der lëschter Woch, notamment um Weekend guffe geänndert: Op enger neier Plaatz D’Foto’en si geplënnert a leien lo all ënnert ->aktiviteiten –>photos sie ginn lo vollstännig vum WordPress verwaltet. Vu wiesel.lu guffen als lëscht, d’FOTOTOUR, kommentéiert historisch Biller op aachen.lu eriwer gezunn, et fënnt een se lo ënnert ->AVLhistory –>Quellen —>Bilder Sie guffen dobäit nit just eriwer bruecht, mee et sinn aus aktuelle Grënn och e ganze Koup neier derbäi komm. Domadder ass die Plënneraktioun dann och offiziel oofgeschloss. Iwerschafft guffen, d’Artikelen Rethel (A-Z) Um Karel Staffellaaf Nei sinn: Liste des Rois des Bleus Délégués de l’AVL (Unel, Aneil,…
Read more

Wichtig Ännerungen bei der Software

Mat der neier Versioun 2.5 vu WordPress kumm eng wichtig Neierung: WordPress huet lo eng gudd Léisung fond, fir ganz Fotoserien, sougenannte Galleries op de Site ze bréngen an unzeweisen. Domadder kann ëch die Software, die ëch selwer geschriwen haat, oofschalten, wëll mat deser vill méi einfacher Methode kënnen och aner Memberen (wann sie d’Rechter hunn) ganz liicht selwer Foto’en opspillen. Ech hunn dest zum Ulass geholl, fir och de Rescht vun der Software ze verbesseren, hei die wichtigsten Neierungen: den Formulaire fir sëch unzemellen, kann lo direkt am Bäitrag stoën ( Stil: umellen(‘manif’,’2008) ) Et guff eng Veräinsiwersiicht (sommaire)…
Read more

Verbesserungen un der Software an de Gebuertsdaag vun der ANEIL

An de letzten dräi Wochen guffen wesentlich Deeler vun der Software fir eise Site neigeschriewen, haaptsächlich betreffend d’Gestioun vum Membersfichier, waat een vu baussen awer nit gesäit. Am eenzelnen: All Member vum engere Comité misst lo kennen, mat relativ wéinig Opwand eng Manifestatioun samt Umeldeformular an eisen Aktivitéitskalenner androen d’Parameteren dovunner änneren, d’Leschten vun denen die sech ugemeld hunn, verwalten (z.B. déi vun der Assemblé générale) sämtlich Angaben zu de Memberen an eisem “Fichier” änneren (daat kenne registréiert Memberen iwrigens och selwer!!)((31.5.2009: Feature deen nees heut misste faale gelooss ginn. Wor nit ausgereift an dohier ze geféierlich. Vun den Annerungen…
Read more