Tag Archive: treppelen

Schéint Wieder um Trëppeltour!

Eisen Trëppeltour am Mëllerdall war zwar kuerzfristig ugesat ginn, awer nit zuletzt wéinst dem gudde Wieder e vollen Erfolleg. Besonnesch spektakulär waren natierlich d’Höhlen fir déi genuch Täscheluete matgeholl gi waren. Ofgeschloss guff mat dem Spargeliessen beim Steinmetz zu Bech. De Wiert huet eis, och wa mir scho laang nit méi do waren awer direkt ërem erkannt, als “d’Sänger vun Oochen”. Et waren um Rendez-vous: Fränz Goedert, Louis Philippe ,Constant Colling,Michel Asorne, Claude Bellot ,Tom Nickels,Daniel Erpelding ,Ries René, Jean Feyereisen.

Ausfluch an d’Schlëff an Höhlen vum Mëllerdall

Léiwen aalen Oochener, Virun eisem Pic-Nic invitéiere mer Dech an Deng Famill op eng méi ustrengend, mee grad esou geselleg Aktivitéit: Den Trëppeltour vun der Amicale Mer proposéieren dëst Joer en Ausfluch an d’Schlëff an Höhlen vum Mëllerdall. Rendez-vous as den 2. Juni um 10h30 zu Heeschbreg (Hersberg) beim Buer am Duerfausgang Richtung Kuebebuer. De Wee féiert eis bis op d’Konsdrëffermillen, wou mer dann Demi-Tour maachen. Heeschbreg läit bei der Schanz (Altrier) niewt der Iechternacher Streck. Mer loossen den Ausfluch dann uschléissend gengt 12h30 am Restaurant Steinmetz zu Bech auskléngen, wou eis e Plat mat Spargelen zervéiert gët. Melld Iech…
Read more

Invitatioun fir den Treppeltour zu Remerschen

Nous avons le plaisir de t’inviter le dimanche 25 mai 2008 à notre traditionnel footing qui cette année aura lieu autour de la réserve naturelle des Baggerweieren entre Wintrange et Remerschen.
Le rendez-vous est fixé à 9H45 sur le parking du Cimetière à Wintrange.

Invitatioun op de Fond de Gras

Léiwe Komerod, De Komitee vun eiser Amicale huet dé grousse Pleséier fir dech an déng Familgen op eisen Trëppeltour 2003 ze invitéieren. Hien ass dest Joer en Sonnden den 18 Mai 2003 an der schéiner Landschaft ronderëm den Tëttelbierg. De Rendez-vous fir den Trëppeltour ass em 9 h 30 bei der Giedelchen um Fonds de Gras ( kommt aus der Dirctioun Lasauvage, zu Niedercorn gët geschafft ) Fun 12 h 15 un gët et am café restaurant « Bei der Giedel « z’iessen. Um Menu : Pocelet Grand-mère Pommes de terre au lard Tarte maison Café Préis vum Menu :…
Read more