Tag Archive: Karting

Invitatioun fir Karting ze fueren, 28. Oktober 2016

Den 28. Oktober 2016 um 20:30 gi mer dann op Grüfflingen Kart fueren. Vu dat den Undrang déi lescht Joeren éischter verhalen war, hu mer eis geduecht mir géifen eis, fir et besse méi interessant ze man, dest Joer niewt dem Fussball och an deser Disziplin mat de Studente moossen. Fir dat net jiddereen alleng dohi muss fueren géife mer 2 Treffpunkter fir den Transport virschloen: 18:30 zu Mamer beim Rond-Point vun der Europaschoul. 19:15 zu Housen beim Fussballsterrain. Mir musse 35 Minutte virun der Zäit do sin fir de Briefing, duerfir sidd w.e.g. pünktlech. Mir fueren eng Eastkart Race…
Read more

E sportlechen Oktober

Léif Al Oochener, nodeems d’Summerpaus riwwer as an et scho lues awer sécher ufänkt méi kal dobaussen ze gin hu mer iech am Oktober direkt e puer sportlech Aktivitéiten unzebidden fir iech waarmzehalen.   Den 20. Oktober um 19:00 as eisen traditionellen Keelenowend zu Koplescht am Café op der Bréck. Menu vum Owend as am Prinzip Ham, Fritten an Zalot.   Wa lo een domat net frou as, soll e mer dat matdeelen, da kann de Kach bestemmt och eppes aneres zauberen. Weider Informatiounen zum Bistro fannt der op http://www.opderbreck.lu. Mellt iech w.e.g. hei un: [lop3 h=”1474198045″] Weider um Programm:…
Read more

Karting zu Grüfflingen 2015

Léiw Al Oochener, d’Fréijoer as an eisem Ländchen ukomm, a wichteg sportlech Saisonen wei Formel 1, MotoGP a geschwënn och DTM hun ugefaang. Duerfir hu mer d’Iddi gehat eis dest Joer och emol motorsportlech ze betätegen, an den 21. Mee 2015 um 20:30 op Grüfflingen Kart fueren ze goen. Fir dat net jiddereen alleng dohi muss fueren, obwuel dat sech anscheinend fir gudd Letzebuerger sou gehéiert, hu mer 2 Treffpunkte fir den Transport: 18:30 zu Mamer beim Rond-Point vun der Europaschoul. 19:15 zu Housen beim Fussballsterrain. Mir fueren ee Maxi Grand Prix den aus 10 Minutte Qualifying an 25 Minutte…
Read more