Membersfichier géréieren

De Membersfichier1 steet online! Mir benotzen dofir een sougenannte Plugin. De grousse Virdeel ass deen, dass méi wéi nëmmen een vum Comité kann dru kommen.

Wi gëtt de Membersfichier gefëllt?

Ganz einfach, wien wëllt Member ginn, fëllt einfach d’Demande d’Admission aus, schon ass en dran.
Leider fëllen heiansdo Onbefugter de Formulaire aus, dowéinst muss ee vom Comité nach eng kleng Operatioun maachen an den neie Member fräischalten:

  1. Naviguéier ageloggt op Startsäit vum Plugin
  2. Setz d’Sortéierung “Sortby” am beschten op “newbyin”. Di als letzten opgehollen Leit missten lo uewen stoen.
  3. wiel als Operation fir “with selected” d’Optioun “approuve”.
  4. wiel di Leit di OK sollen sinn aus,
  5. An dréck op [apply]

Op di Operatioun geklappt huet, iwwerpréift de Gestionnaire vum Fichier am beschten, an deems e kuckt, op den neie Member dann elo an der offizieller Memberslëscht dran ass.

Wéi kréien ech eng Lëscht fir den Envoi?

Op der e bessi verstoppten Säit2

Memberen > Verwaltung vum Membersfichier

fënd een weider Säiten fir etwa d’Emailen oder d’Adressen vun den aktiven Memberen können ze konsultéieren.
Di können just vun deene Memberen vum Comité opgeruff ginn, di déi néidisch Rechter hunn!

Dokumentatioun vum Auteur vum Plugin

  1. Informatisch gesinn, ass de Begrëff “Fichier” falsch, et handelt sech em eng Datebank []
  2. Et soll jo nit Jenny a Menny eis Donnéeën liesen können []