Bericht vun der Generalversammlung 2019

Wou an wéini

Den Donneschden de 14. März ab 19:30 war eis statutarisch Generalversammlung, wéi die Joeren virdrunner am

Restaurant l’Ultimo
83, Route d’Arlon
L-8211 MAMER

Participatioun

Nodeems dem Sophie seng Invitation den 24. Februar erausgaangen war, an de 7. März d’Leit sech endlich och hiere Menu konnte eraussichen, haten sech 21 Leit ugemelt, dovunner 11 vum Comité, also bal d’Hallchend. Et woren di folgend Leit:


Claude BELLOT, Michel HANSEN, Franky KAYSER, Guy MAHOWALD, Ernest MATTIUSSI, Manuel MORN, Elio RERMANN, Carlo RICHARTZ, Jean Marie STRASSER, Michel WARINGO, André DETAILLE, Daniel ERPELDING, Christian EVEN, Caroline GASPAR, Philippe GENGLER, Michel HECKEL, Guy LUX, Joe MALGET, Jacques MEISCH, JP SCHREINER, Pierre SCHWEIG.

Bilanz 2018

Allocutioun vum President

Nodeems all Mensch Plaz fond hat, huet de Präsident d’Leit begréisst an den Ordre du jour an Erennerung geruff. Dunn huet hien drop higewiesen, dass mir an dräi Joer scho werten eis 125 Joerfeier hunn, wou mir wéi 1997 wellen e Buch erausbrengen, woumadder mir lo als scho sollten ufänken. Dest ass dann dann och den Hannergrond fir den Virtraach vum Invité vum Dag, der Mme Schroeder vum Staatsarchiv, deeër hien anschliessend d’Wuert ginn huet.

Virtraach vun der Mme Corinne Schroeder vum Staatsarchiv

D’Mme Schroeder huet Fotokopien vun hierem Virtrach ausgedeelt.

  • Si huet nach eng Kéier an Erennerung geruff, dass de Präsident, den während 20 Joeren Dokumenter, Bicher an Géigenstänn zum AVL an der Amicale gesammelt hat, 2016 u si erugetrueden war, fir dass de Staatsarchiv eis ging hëllefen, dat Veräinsarchiv ze lageren an ze verwalten.
  • Dunn ass si op den Inhalt vum Vertraach agaangen, dass d’Dokumenter eise Besetz bleiwen, all Member awer och interesséiert Fuerscher d’Dokumenter awer konsultéieren können, allerdings d’Erlaabnis vum Veräinsarchiviste brauchen.
  • Mat e puer Fotoen guff weider di konservatorisch Mesuren beluegt, notamment déi zu Gonsten vun der Fotosaustellung 1997.

Dono konnte Froen gestallt ginn. Eng interessant war déi, wat d’Leit mat deene sëllechen digitale Fotoen maache kinnten. Effektiv, können di och am Staatsarchiv ofgi ginn, wou se dann am Optraach vum Staatsarchiv op Serveuren vum CTIE gespäichert ginn.

Intermissioun 1

No de Froen ass de Präsident nach eng Kéier op di geplangten 125 Joer zréckkomm an huet een Zeitungsartikel aus dem Joer 1895 virgelies, deen hien op a-z.lu fond hat, den undeit, dass mir villäicht schon d’nächst Joer feieren missten.
Ier d’Mme Schroeder gaangen ass, huet si eis opgefuerdert fir kommend Generatiounen desen Owend am Bild festzehalen a sech als Fotograph ugebueden. Hei zwou vun denen Fotoen (di aner sinn all, méi oder manner d’nämlich, bzw. näicht ginn)

Aktivitéitsrapport vum Secrétaire

Well d’Sophie dest Joer nit konnt kommen, huet eise Jacques de Bilan vun eisen Aktivitéiten präsentéiert. Mir haten ennerholl:

De Bilan aus der Siicht vum Trésorier

De Jhemp konnt ee ganz zoliten Bilan brengen, mat liichten, awer onbedenkliche Verloschter. Di sinn haaptsächlich op Membereszuelen zréckzeféieren di zréck ginn, an op d’Käschten vun der Agape.

Den Avis vun de Keesereviseuren

Den Ouschi war leider krank, dofir huet den Michel Waringo dann eleng missten D’Resultat vun der Revisioun virdroen. Hien hat keng Bedenken, fir d’Decharge ze recommandéieren.

Décharge vum Comité fir den Exercice 2018

De Comité kruet dorops hinn och d’Decharge fir säin Exercice.

Wal vun de Comitésmemberen.

Folgend Memberen waren sortants a rééligibles: Philippe GENGLER, Guy LUX, Jean-Louis SALES, a weider wor de Michel ASORNE démissionaire.
Op dëser Platz kennen sech intresséiert Membere melle fir an de Comité ze kommen.
Di anwesend Gengler a Lux e weidert Mandat ugeholl hunn, et gouf keng weider Meldungen fir an de Comité, deen d’letzt Joer gutt opgestockt gouf.
Domadder nähere mir eis statutekonforme Verhältnisser, di 12 Comitésmemberen virgesinn.

E verklengerte Comité

De Präsident huet deenen zwee Ofwiesenden di den Comité elo verloos hunn fir hiert Engagement an der Vergaangenheet merci gesot:

De Jean-Louis

war säit 1999 am Comité. Hien guff direkt d’Joer drop als Sekretär agespaant, eng Funktioun di hien bis 2004 ausgeübt huet. Hien war also 20 Joer laang Comitésmember.

De Michel Asorne

war schon zu Oochen am Organisatiounscomité fir d’Honnertjoerfeier a Sekretär am Comité vum AVL 1998 (Equipe Mike Wolter).
An der Amicale ass de Misch 2005 Member ginn a wor Secretär vun 2007-2013, an och dono nach aktive Member vum Comité.

Intermissioun 1

Du kummen d’Garçonen mat der Entrée. Déi Kéier kruet, no verschidden Toschaktiounen, jiddereen dat, wat hien och bestallt hat. E grousse Merci un deser Plaz dem Guy, deen sech d’Méi gemeet hat, een Setzplang ze molen, sou dass et fir d’Garçonen méi einfach war, richtig zouzestellen.

Virschau op d‘Aktivitéite fir d‘Joer 2019

Wéi all Mensch dunn eppes am Bauch hat, huet de Präsident drun erennert, dass et nach e bessi eppes ze schaffe géif.
Hien huet ugekennegt:

  1. konservative Programm fir 2019 opleeën ze wellen: Wäinprouf, Grillfest, 1x Keelen an Agape, méiglicherweis eng Exkursioun op Oochen am Hiercht wann d’REEL ass.
  2. diverse Mesuren wellen z’ennerhuelen, fir den Defizit nit ausarten ze loossen, wéi z.B. Rappel fir d’Cotisatiounen.
  3. een Organisatiounscomité zur Geschichtsschreiwung an d’Liewen wellen ze ruffen

De Kolleg Erni hat nach gefrot, wéi et mat enger Erhéigung vun der Cotisatioun wier, well laut Veräinsgesetz misst doriwwer geschwat ginn.
Dat hu mir och gemeet, eng Erhéigung vun der Cotisatioun op mannst fir dest Joer awer mol ausgeschloss.
Domadder guff en offiziellen Deel fir zou erklärt, an du kummen och schon d’Garçonen mat dem Haaptplat, deen eenzelner nach em een Dessert verlängert hun.
Donos. fräi Aussprooch ënnert Kollegen, Opfreschen vun alen Erennerungen an weideres.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.