Léif Kolleginnen a Kollegen,
d ‘Joer 2014 ass schonn 2 Méint al an et gëtt Zäit fir déi éischt Aktivitéit vun der Amicale. Dofir invitéiert iech de Comité en Donneschdeg, den 20. Mäerz um 19:30 an de Restaurant L’Ultimo (83, Route d’Arlon, L-8211 MAMER) op d’
Assemblée Générale 2014
Op der Dagesuerdnung steet dëst Joer:
v Allocution vum President
v Aktivitéitsrapport vum Secrétaire
v De Bilan aus der Siicht vum Trésorier
v Décharge vum Comité fir den Exercice 2013
v Wal vun de Comité‘s Memberen. Folgend Memberen si sortants a rééligibles:
Daniel Erpelding an Tom Nickels
v Virschau op d ‘Aktivitéiten fir d ‘Joer 2014
v Verschiddenes
Uschléissend géife mer zu dem kulinareschen Deel kommen wou mer op der Plaz tëscht 4 Entréeën a 6 Haaptplaten wiele kënnen. De Präis läit jee no Haaptplat tëscht 19,5€ an 23,5 €. Ween da nach Honger huet kann sech mat engem Dessert à la Carte verwinne loossen.
De Menü fannt der e puer Deeg virdrun op:
http://www.espaces-saveurs.lu/lultimo_menusdumoment.php .
W.e.g. umellen bis den 17. März, am einfachsten hei:
[lop3 h=”1393337924″]
Ech erlabe mer Iech och nach eng Kéier drun ze erënneren datt eise Membersbäitrag fir d’Joer 2014 onverännert bei 15€ läit. Hei eis Kontosnummeren:
CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000
BILL : LU79 0027 1005 3380 0000
Mat beschte Gréiss,
Fir de Comité
Michel Asorne
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.