Wéi bleift ee Bäitrag ëmmer uewen (sticky post)?

Heiansdo hätt ee gären, dass ee bestëmmte Bäitrach (Post) soll uewen stoën bleiwen, och wann dono nach neier geschriwen goufen. Z.B. d’Invitatioun mat der Lescht fir sech anzedroën vum Grillfest, der Agape etc. Da muss een de Post “sticky” maachen (an drun denken, fir dat no der Versammlung nees réckgängig ze maachen). Wéi geet dat ?

  1. Mir sinn ageloggt, a klicken am Adminberäich op “Posts” an
  2. op “quick edit” bei dem Bäitrach dee soll uewe bleiwen.
    sticky-post
  3. Dono einfach ee Kreepchen bei “sticky Post” maachen.
    sticky-post-quickedit
  4. An nit vergiessen op [update] ze drécken

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.