Rapport vun der Generalversammlung 2016

Den 8. März, also relativ fréi am Joër, hate mir eis Generalversammlung. Wéi an deene letzten zwee Joer virdrunner, guff se am Restaurant Ultimo gehalen. D’Invitatioun war den 21. Februar 2016 erausgaangen.

Hei dann elo de Bericht, wéi et ofgelaaf ass

Di folgend Leit waren do

  • Vincent Bauer, Guy Lux, Pierre Schweig, Daniel Erpelding, Zhan Ou-xi, André Detaille,
  • Pierre Legille, Marc Tock, Jacoby Ben, Gilles Nies, Agosta Jimmy, Manuel Morn,
  • Jean-Paul Schreiner, Philippe Gengler, Paul Nathan, Michel Waringo, Pierre Kugener, Carlo Walentiny,
  • Tom Nickels, Louis PHILIPPE, Caroline Gaspar, Charles Grethen, Sophie Hellinghausen, Christian Pauly
  • .

Oflaf vum Owend

Allocution vum President

De Präsident huet di akademisch Véierelstënnchen versträiche loosst, an huet dunn awer ugefaangen. Well des Kéier erfreelicherweis sou vill nei Memberen do waren, huet hien kuerz erklärt, wéi den Owend ging oflaafen, an ausnahmsweius ee klengen Tour de Table gemeet, wou jiddereen sech konnt kuerz de Kolleegen virstellen.

Dunn huet hien d’Wuert un de Sekretär weider ginn.

Aktivitéitsrapport vum Secrétaire

De Piggel hat nees eng Lëscht präparéiert, di e verdeelt huet. Do guff un di folgend schéi Veranstaltungen erënnert:

De Bilan aus der Siicht vum Trésorier

Den Tom huet dunn, routinéiert säi leschte Rapport virgelies. Hien ass drop agaangen:

  • Dass mir vill Käschten spueren, well Simon et Christiansen eis de Courrier fir näicht verschécken, a Visual Online eis de Website gratis hostet.
  • Dass d’Agape zwar wéinig Leit ugezunn huet, et trotzdem kee Verloschtgeschäft war, well mir jo och de Kënschtler gespuert hunn, andeems mir d’Musek selwer gemeet hunn.
  • Dass d’Grillfest des Kéier wuel méi deier war, well d’Boot jo matgelount wor, dofir awer och méi gebuede gi wor.

Anschliessend hunn nach d’Keeserevisoren Charles Grethen a Carlo Walentiny dem Tom bescheinigt, gutt geschafft gehat ze hunn.

Décharge vum Comité fir den Exercice 2015

D’Leit hunn dunn akzeptéiert, dass de ganze Comité gutt genuch geschafft gehat hätt, fir hinnen se ze ginn.

Dunn hu mir d’Sëtzung kuerz ënnerbrach, fir dass all Mënsch säin Iessen bestelle konnt.

Wal vun de Comitésmemberen.

Folgend Memberen waren sortants: André Detaille, Jean-Paul Schreiner a Marc Tock.

Derweil den André an de Schrulli sech nach eng Kéier opgestallt gehat hunn an am Comité verbleiwen wollten, hat den Marc Tock am Virfeld schon erklärt, dass hien no 33 Joër gäre giff de Bengel un ee Jonken ofginn.

De Marc Tock

De Präsident huet du kuerz un dem Marc seng Verdingschter ërennert! Hien war vun 1983 bis 1999 Sekretär vum Club, huet d’Informatiséierung vum der Membersverwaltung agefouert an och den Logo vum Veräin entworf!

Hei een Iwwerbléck iwwert dem Marc säi Kursus bei der Amicale:

  • Secretär: 1983 1984 1985 1986 1987 1988 1989 1990 1991 1992 1993 1994 1995 1996 1997 1998 1999
  • Member: 2000 2001 2002 2003 2004 2005 2006 2007 2008 2009 2010 2011 2012 2013 2014 2015

Den neien Trésorier

Bei deeër Geleenheet, huet de Präsident da weider bekannt gemeet, dass op der Comitéssetzung vum 2. Februar decidéiert gi war, dass de Schrulli ging dem Tom séng Charge als Trésorier iwwerhuelen.

Dräi nei Leit am Comité

Du kumm de Héichpunkt vum Owend:

Derweil mir 2015 zwee algedingte Leit aus dem Comité verluer haten a mat dem Philippe Gengler just een neie Mann gewanne konnten, hat mir eis geschwuer, dass wa sou vill neier op der Versammlung kommen, mir se nit gingen opléise bis mir op mannst 2 nei Leit an de Comité gekeilt krieten. Bescheiden a villäicht e bessi schei wi di Jonk nun emol sinn, wollt du keen sech fräiwëlleg melden.

Dunn huet de Comité een ueraalt Verfaahren ugewandt mat deem alt schon emol ee Präsident ginn ass:

Wien als letzte komm ass, muss an de Comité! Dest woren:

  1. Paul Nathan (letzte Mann, deen erakomm ass)
  2. an Caroline Gaspar (daat zu allerletzt koum wor)

Hei de Beweis

Si hunn allen zwee gutt matgespillt an hu sech vun der Versammlung hierem Enthusiasmus ustiechen loosst an d’Chargen akzeptéiert, nodeems hinne versëchert gi war, an enger éischter Zäit misste si nit vill méi maachen, ass wéi op d’Versammlungen kommen.

Wéi dem Caroline nogedroë guff, dass hatt nit just die éischt Zahnmedizinerin am Comité, mee souguer di éischte Fra wier, do huet de ganze Sall gestockt an wor erféiert, dass d’Caroline elo ganz eleng misst als éischt an eenzig Fra et mat 13 Männer a méi wéi engem Joërhonnert maskuliner Dominanz ophuelen! Dunn hu mir alleguerten, wéi een Mann eist Sophie ugebiedelt, dass et d’Caroline dach nit dierft eleng loossen! Och d’Sophie, wat scho vun Oochen e klénge Schatz un Erfahrung am Ëmgang mat Oochener Comitésleit matbrengt (Sekretär 2010) huet begeeschtert zougesot.

Mir hunn also elo folgende Comité:

Fonctioun Numm
Präsident Daniel ERPELDING
Vize-Präsident Guy LUX
Secretär Pierre SCHWEIG
Secretär Michel ASORNE
Keessier Jean-Paul SCHREINER
Éierepräsident Louis PHILIPPE
Member Christian EVEN
Member André DETAILLE
Member Philippe GENGLER
Member Tom NICKELS
Member Guy MAHOWALD
Member Jean-Louis SALES
Nei Memberen ab 2016
Member Caroline GASPAR
Member Sophie HELLINGHAUSEN
Member Paul NATHAN

Zwee nei Keeserevisoren

De Charel an de Carlo sinn och éierevoll vun hierer laangjähriger Verpflichtung als Keesserevisoren entbonne ginn. Och hei guff ee ganz ähnlicht Verfahren wéi beim Comité ugewand an die folgend Leit guffen zu Keeserevisoren bestëmmt an hunn hier Charge mat Freeden ugeholl:

  1. Michel WARINGO, well hien als éischten deen Owend do war, wat op grouss Begeeschterung schléissen léisst.
  2. Den Ouschi ZHAN, well hien als letzten zu Oochen ferdisch ginn ass.

Virschau op d‘Aktivitéiten fir d‘Joer 2016

Zum Oschloss huet de Präsi nach kuerz de Programm virgeliess, deen de Comité op der Sëtzung vum 2.2. ausgetüffelt an de Sekretär opgelëscht mat dem Rapport d’Aktivités ausgedeelt hat.

08.03.2016 AG am Ultimo zu Mamer Dat war jo lo.
15.04.2016 Comitésëtzung mat deene Jonken zesummen
05.05.2016 Trëppeltour Soll och di eeler Semester uspriechen. Vermutlich maache mir et um Fond de Gras.
Abrëll/Mee 2016 Karting. Eventuell mat de Studenten zesummen, well dest éischter eng Aktivitéit fir di Jonk ass.
23.06.2016 Grillfest op Nationalfeierdag um CNL Do daarf nees gepuddelt ginn! Des Kéier soen mir de Leit virdrunner, wou et ass, an dass si op der anerer Säit vun der Strooss parken sollen.
Juni/Juli 2016 Fussball géint dei Jonk Vermutlich zu Lentgen! De Philippe an de Schrulli maachen daat
Oktober 2016 Keelenowend Hei hat de Guy Mahowald eis versprach et ze organiséieren.
12.11.2016 AGAPE a Guddesch zu Biereng Ass mëttlerweil bestallt a mir hunn och schon de Menu!
Verschiddenes

Dono war nach fräi Aussprooch, di awer schnell eriwwer war, well den Timing wor perfekt!

Den Ultimo hat d’Iessen ferdisch a mir hunn eis et gutt schmaachen gelooss.

Domadder war den offiziellen Deel vun der Versammlung eriwer, de Rescht fällt ënnert d’Konventsgeheimnis.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.