Mir hunn och eng Facebookgruppe – Trëppelen de 5. Mee zu Beckerich

Och di al Oochener wëlle mat der Zäit goën, an esou koum et dass mir scho viru längerer Zäit ugeduecht haten, fir och eng Facebookgroup ze grënnen. Versuchshalber hunn ech se schonn am November 2014 ugeluegt, mee leider ni vill do gemeet. Hei wier mol d’URL1.

https://www.facebook.com/groups/753254138098415/

La hu mir op der letzter Generalversammlung nei, onverbrauchte Leit kënnen an de Comité ophuelen, an op der letzter Comitésversammlung hu mir décidéiert, d’Caroline an d’Sophie als Administrateuren fir di nei Facebookgrupp ze gewannen. D’Caroline huet och schons direkt eppes drop geschriwwen:

Hallo all zesummen! Dest Joer hun mir fir eisen Treppeltour den 5. Mai de Landjugenddag firgesin. Do as emmer eng flott ambiance, vill Leit an gudd Stemmung. Fir Iessen an Gedrenks as ennerwee gesuercht.
Hei eng kleng affiche vum Pit.

Programm:

10:00 Jugendmass mam Här Aerzbëschof Jean-Claude Hollerich zu Bieckerech an der Porkierch mat der Ennerstëtzung vun Voicemotion ënnert der Leedung vum Madeline Boonen
11:00 Éirewäin
12:00 Mëttegiessen a Startschoss vum Rallye ( De Wee as ouni Problem mat enger Kannerkutsch ze meeschteren)
13:00 Dekanatsspill tëschent deene 7 Landjugendgruppen
15:00 Programm fir Grouss a Kleng, Concert Kaffi a Kuch
22:00 Präisiwwerrechung mat uschléissendem Bal mat den Nightlife DJ’s

Fir déi déi loscht hu ee gemütlechen Tour matzegoen, oder sech vläit souguer aktiv um Rallye ze bedeelegen an den AVL ze klappen:

[lop3 h=”1462219563″]

Bis hoffentlech en Donneschteg,

De Comité


  1. di provisorisch URL mol. Leider e bessi nichtssagen, ech hätt och léiwer “https://www.facebook.com/groups/al-oochener. Momentan schéngte et keng Méiglichkeet ze ginn, fir et ze änneren, mee vllt. daarfen dat enges Dags awer []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.