Fotoën vum Keelespillen

D’letzt Woch, en Donneschden hunn di Oochener hiert Keelespill gehat. Zu ménger grousser Iwwerraschung, war ech des Kéier deen eelsten, wou mir dach e puer gutt Keelespiller ënnert deenen eelere Semester hunn. Erfreet ware mir allerdings dass méi Leit koumen ass wéi ugemellt worden. De Schrulli huet dunn d’Kaarten gezuckt, an et guffen 2 Equippen gebild:

  1. Rout: Misch, Schrulli, Frigo, Jean-Marie, Vinz, Piggel (a Caroline)
  2. Schwaarz: Wiesel, Guy, Pitti, Chris, Heini, Phlëp (a Sophie)


Nodeems mir eis e bessi waarm gemeet haten, an ech feststellen konnt dass et op deser Pist onwahrscheinlich schwierig ass, di éischt Klatz ëmmer matzekréien, hu mir mol, wéi versprach eise Keelekascht, also Ham, Fritten an Zalot gemaufelt:

Wéi mir mat dem Iessen ferdisch waren, kruet mir nach höchst erfreelichen Besuch!

D’Caroline an d’Sophie koumen an hu sech als aal Oochener z’erkenne ginn, di scho länger Zäit probéiert hätten, dem Club bäizetried, mee iergendwéi Schwierigkeeten mat der Software hätten.
Iwwrigens, op der Säit http://test.aachen.lu/memberen/member-ginn/ kënne nei Leit sech mëllen an direkt sech an d’Datebank androën loossen. Et gëtt e puer Pflichtfelder, als da wären, Numm, Virnumm an Emailsadress (soss wëssen mir nit, wien et ass) a natierlich Studium an Ofschlossjoer! Eis Memberschaft definéiert sech schliesslich doriwwer, dass mir zu Oochen studéiert hunn an och färdisch gi sinn. (op d’Ausnahmen, well ech op deser Plaz nit agoen).
Di zou Damen guffen direkt op di zou Equippen, die mir mëttlerweil gebild haten opgedeelt an hu matgespillt!
Zu nach méi spéider Stonn kumm dunn och nach de KC no, an et guff emmer weider gespillt an och den Artikelen 11 an 111 vum Béierkommang guff Tribut gezollt.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.