Revision und Neubewertung alter Fotos

September 15, 2020 Wiesel 0
Nodeems ech am letzte Karel de Projet 125 Joer AVL virgestallt hat, hunn ech mech direkt un d’Revisioun vun dem wat scho geschriwwen gouf, gemeet. Als éicht gëllt, eis Quellen ze konsoldéieren, fir dat wat mir scho wëssen besser ze présentéieren, an nei Erkenntnisser, di an de letzte Joeren haaptsächlich iwwer a-z.lu gewonne guffen, anzebauen. Wou awer fänkt een am beschten un? Ma vir! Stëchwierder: Gründungssituation, Das Album Keiffer, Der Baron Jacquinot, Das nächste Projekt: Biographien, Die “Comitéslëschten”.

Fahnenweihe in Löwen 1899

September 9, 2020 Wiesel 0
Eis Kollegen vu Louvain hunn di grouss, a sou wäit ech weess eenzigartig Chance, dass zu hierer Geschicht, d’Primärquellen sprudelen. Et ass dem Tom Theves […]

Loosst ons d’Veräinsgeschicht vum AV d’Letzebuerger nei schreiwen

July 7, 2020 Wiesel 2
De folgenden Artikel hunn ech lo an eiser Oochener Studentenzeitung “Um Karel” Nummer 60 veröffentlicht. Do huet e sech un d’Studenten geriicht a guff sou formuléiert. Selbstverständlich riicht sech den Opruff nit just un d’Studenten, mee virun allem och un Iech Anciens!
Et geet drëms Leit ze gewannen, di wëllen hëllefen d’Buch fir 125 Joer-Feier ze recherchéieren, ze schreiwen an erauszebrengen, plus e puer Gedanken zur Organisatioun vu sou engem Fest.
* Kurzaufriss der Geschichte der aktiven und ehemaligen Luxemburger Studenten in Aachen
* Mögliche Beiträge
* Nutzbare Quellen
* Was tun?
Enner anerem, kënnt DIr Iech hei alt schon emol an den Organisatiounscomité mellen.

Traditionelle Keelenowend 2020

June 16, 2020 Jean-Marie Strasser 0
Léif Al Oochenerinnen an Oochener,

Mir lueden Iech heimadden häerzlech an, op den

traditionellen Keelenowend

den 30. September ab 18:30

am Café de la Fontaine zu Gousseldeng.

De Café fann dir op 86, Route de Mersch, L-7432 Gosseldange.

Jean-Marie Strasser, neie Sekretär vun der Amicale

June 3, 2020 Wiesel 0
Eise Kolleeg, den Dr. Jean-Marie Strasser alias Jama, deen dest Joer frësch an de Comité 2020 komm ass, hat sech beim Präsident manifestéiert, dass hien bereed wier, d’Charge vum Sekretär z’iwwerhuelen.
De 24. Mai hate mir eis éischt Online Comitéssetzung, an do guff dem Jama seng Kandidatur bestätigt.

Guy Lux, neie Präsident vun der Amicale

March 14, 2020 Wiesel 1
E Mëttwoch den 11. März war eis Generalversammlung, déi Kéier an der Mullereffer Stuff.
Kuerzbericht iwwert Participatioun un der Versammlung, Rapporten, d’Wahlen an dem Guy seng éischt Amtshandlungen an natierlich wat et z’Iessen gouf!

Assemblée Générale 2020

February 22, 2020 Sophie Hellinghausen 1
Rendezvous ass den 11. Mäerz um 19:00 an der Mëllereffer Stuff (1, Rue de l’Alzette, L-7305 Steesel).
Wal vun de Comitésmemberen. Folgend Memberen si sortants a rééligibles:
* André DETAILLE, Jean-Paul SCHREINER, Caroline GASPAR, Sophie HELLINGHAUSEN a Paul NATHAN.
Dëst Joer ginn och e neie President a Vize-President gewielt.
Dir kënnt Iech direkt hei umellen.