Eng Foto mat dem Emile Mayrisch als Student

Wa mir demnächst am Joer 2022 eis 125 Joer feieren, da wëll ech, dass mir och nees eng Festschrëft, sief et wéi 1997 eng Broschür, sief et e Buch erausginn. Derweil 1997 ech een eenzigen Aufsatz iwwert d’Geschicht vum AVL a Form vun enger Chronologie geschriwwen hat (Titel Rull de Waak ), sinn ech fir des Kéier mat dem Gedanken schwanger gaangen, fir stattdessen léiwer puer Eenzelaufsätz zu bestëmmten Themen erauszeginn, wat och aneren Auteuren ging d’Méiglichkeet schafen fir eppes ze schreiwen. Wann een sou eppes proposéiert kënnt bei ville Leit reflexartig de Virschlag: schreift eng Biographie vun Ärem berühmtesten Member!
Dat kann een interessante Ansatz fir d’Geschichtsschreiwung sinn, a mir hunn och scho méi laang ugefaangen Biographien vun Eenzelpersounen ze betruechten. Mee wien kinnt dee berühmtesten Oochener gewiecht sinn?
Vu dass mir haaptsächlich Ingenieuren ausbilden, an deenen hier gesellschaftspolitisch Bedeitung an deene letzten 50 Joer stetig ofgeholl huet, muss ee wäit an d’Geschicht zréck goen. Nach op der letzter Comitésversammlung hat ech festgestallt dass souguer Leit di zu hierer Zäit wierklich prominent waren, an och spéider souguer Stroossen no sech benannt krueten, wéi den Aloyse Meyer (Präsident vun der ARBED am Krich), den Mathias Koener (100. Eisenhüttenmann zu Oochen, an Direkter vum Wierk zu Esch während dem Streik am August 1942) oder souguer den Eugène Ruppert (letzebuerger Ingenieur a China) den Leit haut onbekannt sinn, an wann een nit wëll op de Ranga Yogeshwar zréckgräifen, bleift just nach den Emile Mayrisch iwwrig.
Deen hat allerdings souguer international Bedeitung erlangt.
Schwierig fir hien fir eis ze vereinnahmen ass nit, dass hien keen Ofschloss zu Oochen kruet huet! Demmnols huet een nach kee gebraucht an och aner bedeitend Leit hunn Oochen ouni Ofschloss verlooss, ouni dass dat vun den Zäitgenossen als Makel ugesi gouf, vun deene spéideren allerdings schon. Fir all Oochener Student aus dem AVL war hien, ob mannst sou laang e gelieft huet awer eng wichtig Persoun, well hien als Präsident vun der ARBED am léifsten Ingenieuren vun Oochen agestallt. Schwierig ass, dass zu enger Zäit zu Oochen studéiert huet, wou et guer keen Letzebuerger Studenteclub gouf, wat e schwéier ze paken mecht.

Eng gestallte Foto mat Oochener Studenten am 19. JH mat dem Emil Mayrisch drop
Foto mat Oochener Studenten am 19. JH aus dem Letzebuerger Land

Emsou méi frou war, ech, wéi ech op Sylvester 2018 bei Recherchen op A-Z.lu, den letzebuerger Bibliothéiksportal, een Artikel aus dem Letzebuerger Land Nr. 9 vum 3. März 1978 fond hat, wou eng Foto mat dem Emile Mayrisch dra war!
Geschriwwen guff den Artikel, deen ënnert der Rubrik “Le dossier de la semaine” gelaf ass, vum Tony Bourg engem bekannten Lycéesprofesser, Auteur, Linguist, Literaturwëssenschaftler, Literaturkritiker a Conferencier. Den Titel auf Aufsatz war villverspriechend:

Le jeune Emile Mayrisch

Den Artikel selwer huet mech éischter enttäuscht. Et mierkt een, dass den Tony Bourg och nit wierklich eppes weess an awer eppes zielen wëll, sou dass dann esou Passagen entstinn:

Deux bonnes bêtes, qui étaient logées dans la maison faisaient la joie des enfants : un chien que personne ne craignait même quand il aboyait férocement et le cheval que le docteur attelait à sa voiture à toit pliant, quand il allait visiter les malades de la région. Il y avait assez d’animation dans la rue où habitaient les Mayrisch et le long de laquelle s’étirait presque tout le bourg d’Eich.

Och zur Oochener Zäit vum Mayrisch extrahéiert den Bourg an aller éischter Linn de Max Eckert, ouni dat allerdings explizit ze soen1. Just op enger Plaz deit hien un, direkt de Mayrisch ze zitéieren:

“Sa renommée égalait celle du Dr Classen, que Liebig avait initié à ses méthodes à Giessen et qui s’était spécialisé dans l’électrolyse. Quand Emile Mayrisch évoquait ses années universitaires, il aimait s’arrêter à ce savant, auprès de qui il s’était épris de chimie et qui, avec sa blouse blanche, s’intégrait à son laboratoire autant que ses bocaux et ses éprouvettes. “

Interessant ass wierklich just d’Foto!
Déi awer wierklich! Sollt ech hei d’Foto vum éischte Letzebuerger Club virun Aën hunn?
Am Artikel steet ënnert der Foto zur Erklärung “Emile Mayrisch au milieu de ses camarades à l’École Polytechnique d’Aix-la-Chapelle (2e rangée, 4e à partir de la droite)“.
Vun der Kierpersprooch hier, giff ech demno soen, dass den Emile Mayrisch vun Ufank aus uns e Mann war, dee gären am Mëttelpunkt stung, hei éischter sutz. Hei giff ech allerdings soen, hien wier nit de Präsident gewiecht. Di Roll ging ech éischter vun deem Mann assuméiert gesinn, deen op der Foto lenks (a Wierklichkeet also riets) nieft him setzt, en Schärpe un huet an un deen sech den Emile Mayrisch, deen op deser Foto souguer nach Hoer huet, unhänkt. Gläicht den Typ nit e bessi dem Eugène Ruppert?

Ech hunn dese Gedanken spéider dann awer verworf, well den Emile Mayrisch vun 1881 bis 1885 zu Oochen wor, den éischte Letzebuerger Club zu Oochen “d’Landsgenossenschaft Orano – Luciliburgia” awer guff erréicht 1886 gegrënnt an huet bis 1891 existéiert2. Och waren op der Foto e bessi ze vill Leit drop, fir dass dat alles kinnte Letzebuerger sinn. Spéidestens nodeems de Expert fir de Personage Ruppert, den Här Robert Philippart mir frëndlicherweis geäntwert, an di richtig Foto vum éischte Letzebuerger Club schecken konnt, di sech tatsächlich wéi ëmmer vu mir ugeholl, am Nachlass vum “Chinees” fond huet. Leider ass d’Original haut verschollen:

10 Leit mat dem Letzebuerger Wopen an de Fendelen
Eng Foto mat dem Eugène Ruppert an de Letzebuerger Studenten zu Oochen, em 1886

Ech hu mech direkt un d’Corinne Schroeder vum Staatsarchiv em Hëllef gewand an hu se och kruet. Leider haten sie d’Original nit. Mee wou kinnt et sinn? Den Tony Bourg selwer hat, leider zimlich summarisch di folgend Quellen uginn:

Principales sources utilisées :

  1. Archives de l’Athénée de Luxembourg;
  2. Archives de l’École Polytechnique d’Aix-la-Chapelle;
  3. Die Technische Hochschule zu Aachen, 1870-1920. Herausgegeben von Paul Gast (La Ruellesche Accidenzdruckerei, Aachen, 1921)
  4. Jules Mersch, Les Metz — Biographie nationale, fascicule XII (Buck, Luxembourg, 1963)

Di éischt hunn ech verworf, di huet secher seng Schoulzäit am Athenéium behandelt. Di zweet, hätt mech do gewonnert, well do hat ech selwer an den 1990er nogesicht, konnt et awer nit ausschléissen. Di drëtt konnt ech och ausschléissen, dat Buch besëtzen ech selwer, do ass se nit dran. Also hu ech mat Hëllef vun der Mme Schroeder lenks a riets gefrot. Eng besonnesch enttäuschend Äntwert war di heiten:

“Déi Foto leit zimlech sécher an den “Archives de l’Ecole Polytechnique d’Aix-la-Chapelle” déi jo och am Artikel als Source uginn ass. Dir gesitt dat am Unhang ech hunn et am Artikel an ënner der Foto giel marquéiert.”

“Oh, ënnert der Foto steet jo tatsächlich “École Polytechnique d’Aix-la-Chapelle” a bei de Quellen, steet och “École Polytechnique d’Aix-la-Chapelle”! Dat si jo zweemol déiselwicht Wierder, dat muss dann d’Quell sinn!”
Nee, ass se nit!

Ech hunn dorops hinn secherheetshalber awer nach eng Kéier beim Hochschularchiv nogefrot, a kruet den 26.02.2019 dann awer di folgend, ausgesprachen opschlossräich Äntwert:

Vielen Dank für Ihre Nachricht und Berichtigung. Tatsächlich verfügen wir über Aufzeichnungen von Benutzern. Ich habe diese nach Tony Bourg und den Stichworten Luxemburg und Emil Mayrisch durchsucht, aber konnte leider nichts dazu ausfindig machen. Es gab zwar Nachforschungen zu Emil Mayrisch, aber nicht von Herrn Bourg und das auch zu einem viel späteren Zeitpunkt. Darüber hinaus ist Tony Bourg auch nicht in unseren Beständen ausfindig zu machen. Haben Sie auch schon das hiesige Stadtarchiv kontaktiert? Eventuell findet sich da das Foto. Unter folgendem Link finden Sie Anlaufstellen, wo Sie nachfragen könnten: http://www.archiv.rwth-aachen.de/links/ . Nach Rücksprache mit unserem Archivar hat dieser auch darauf hingewiesen, dass Sie bei einem Verband von Luxemburger Studenten eventuell fündig werden könnten.

Dass ech u mech selwer verwiese guff, war lo zwar lëschteg, vill méi interessant awer war, wat ech mir herno och vum Hochschularchiv nach bestätigen gelooss hunn, dass den Tony Bourg also d’Oochener Hochschularchiv ni vu banne gesinn huet! An awer gëtt hien d’Hochschularchiv als Quell un? Eng Nofro beim Letzebuerger Land huet weider erginn, dass och si d’Foto ni am Original virgeluegt kruet hunn.
Dat gesäit zimlich derno aus, wéi wann den Bourg seng Erkenntnisser kengeswegs aus de genannten Quellen, mee aus enger aner geschöpft hat, déi dann awer nit genannt, mee stattdessen deeër Quell hier Quellenangaben einfach ofgeschriwwen an als seng eegen ausginn huet! Bon, hien war keen Historiker a fir een Zeitungsartikel ass dat einigermoossen akzeptabel. Enttäuscht si mir trotzdem, well sou komme mir nit virun.


Foussnouten:

  1. Bespill: Aus dem Eckert sengem “Die Art der Kavenschen Bierreden war bei Dozenten und Studierenden nicht ausgestorben und wurde besonders von dem Technologen Prof Herrmann weiter gepflegt. Jede Rede gipfelte in einem witzigen Vergleich zwischen irgendeiner technischen Erscheinung und einem Auswuchse im studentischen Leben.” mecht den Bourg “Certaines grandes journées en faisaient partie intégrante, (…) celles du carnaval, à l’organisation et au succès desquelles aidait le professeur Gustav Herrmann, dont tous les étudiants savaient qu’il maniait l’humour avec la même dextérité que la technologie.“ []
  2. Max Eckert: der Aachener Student 1920 []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.