OFGESOT: Fussball géint di Jonk 2020

Leif Memberen

e Samschdeg sollten mir eis treffen fir eisen traditionellen Fussballmatch. Et ass wierklech super, datt sech insgesamt 41 Leit ugemellt hunn. Dat wär en exzeptionell flott Fest ginn a mir hätten ons extrem gefreet, wa sou vill Studenten an Aler zesummen de Patt gehuewen hätten.

Leider ass d’Situatioun vum Corona Virus an deenen leschten Deeg net mat dem Trend virun gaangen wéi mir eis dëst erhofft hunn. Fir net onnéideg är Gesondheet nach méi op d’Spill ze setzen wéi dëst souwisou beim Futtballspille schonn de Fall ass, huet de Comité vun den Ancienen no Récksprooch mat der Gemeng Lëntgen, schwéieren Häerzens decidéiert, dëst Evenement ofzesoen.

Wann d’Situatioun et erlaabt, huelen mir et awer op alle Fall am September/Oktober no!!!

Merci fir ärt Verständniss.

De Comité vun den Ancienen

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.