Jean-Marie Strasser, neie Sekretär vun der Amicale

Eise Kolleeg, den Dr. Jean-Marie Strasser alias Jama, deen dest Joer 2020 frësch an de Comité komm ass, hat sech beim Präsident manifestéiert, dass hien bereed wier, d’Charge vum Sekretär z’iwwerhuelen.
De 24. Mai hate mir eis éischt Online Comitéssetzung, an do guff dem Jama seng Kandidatur bestätigt. De Jama iwwerhëllt di Charge vum Sophie, wat op der Generalversammlung zur Vice-Präsidentin gewielt ginn ass. Interessanterweis Waren de neie Präsident an den neie Sekretär schon zesummen am Comité vum AVL 2003. Op der Onlinecomitéssetzung hu mir d’Aufgaben am Comité och e bessi anescht verdeelt.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.