Rull de Waak


AKADEMISCHER VEREIN D’LETZEBUERGER A.S.B.L.
AN
AMICALE DES ANCIENS ETUDIANTS DE L’ECOLE POLYTECHNIQUE D’ AIX -LA-CHAPELLE A.S.B.L.


100 Joer Letzebuerger Studenten zu Oochen
Ennert dem Patronage vum President vun der Europäescher Kommissioun, Jacques Santer


Festivitéitsprogramm

16. -17. Mee Staffellaaf vun Oochen (Rothe-Erde) op Esch-Uelzecht (Terre-Rouge ).

Rothe-Erde wuar em d’ Jorhonnertwenn dei bedeitendst Schmelz an Europa. Si as mat Erz aus dem Bassin Minier iwert d’Vennbunn beliwwert gin. Zu deser Zait hu vill Letzebuerger Oochen als Studieplaz fir hiere speideren Beruff gewielt.
De Startschoss vum Staffellaaf get vum Oberbürgermeister vun Oochen, Dr. Jürgen Linden, gin.
Den Acceuil vun den Leefer an Velosfuerer ass op der Escher Gemeng. Zum Oofschloss vun eisern Staffellaaf get eng Photoausstellung presenteiert dei d’Geschicht vum AVL iwwert dei vergaangen honnert Joer illustreiert. Duerno ass e Grillfest an der Escher Waldschoul.

21. Juni Traditionellt Nationalfeierdaagsfest zu Oochen.

Fréier gouf zu deser Occasioun dat sougenannte Steftungsfest erganiseiert. Hei hu sech dei aktuell Studenten mat der Letzebuerger Colonie an den Absolventen zesummenfond. Hautzedaags get Nationalfeierdaag am Ponttor, engem aalen Oochener Stadttor, oofgehaalen. Een Heichpunkt vun deser Soiree ass den Optrett vun der Oochener Chorale.

4. Oktober Seance Academique am Siege vun der ARBED s.a. zu Letzebuerg.

Des Aktiviteit stellt den Heichpunkt vun eisern Centenaire duer. An engem gemittlechen Kader get d’ Geschieht vum AVL revue passeiert. Den Schweierpunkt vun der Seance Academique ass den Discours vum Här Claus Haase iwwert d’Bedeitung vun der RWTH-Aachen, a speziell aus der Siicht vun de Letzbuerger.

15.-18. November REEL zu Oochen

Zesumme mat der Association des Cercles d’Etudiants Luxembourgeois (ACEL) erganiseiert den AVL dest Joer d’ Reunion Europeenne des Etudiants Luxembourgeois (REEL) zu Oochen.
Während deser Versammlung setzen sech Vertrieder vun sämtlechen letzebuerger Studentevereenegungen zesummen fir verschidden Themen ze diskuteieren dei Studente betreffen.
De Programm vun der REEL emfaasst ennert aanerem eng Entrevue mat dem Ministere de l’Education, Virtreeg an Debaen iwwert aktuell Themen a verschidde Visiten vu Groussbetrieber an der Regioun Oochen.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.