Aluedung fir d'”Ponttorfeier” vun de Studenten

Léif Memberen,

Wien virun etwa 2000 zu Oochen studéiert huet erënnert sech nach un den Héichpunkt vum Joer fir de Club: Nationalfeierdag um Ponttor feieren. Lo ass et säit Joeren schon esou, dass de Club et nit méi ze loune kritt, mee de Numm ass wuel bliwwen. Den AVL ass wierklich een Traditiounsclub Zur Traditioun gehéiert och, dass Ancienën do ëmmer gäre gesinn woren, an dat ass och lo sou, wou et wéinst der Pandemie hat missten verluegt ginn. D’Lynn Aachen, am Comité zoustännig fir d’Relations Publiques schreift eis dofir:

Léiw Anciens an Anciennes vum AVL,
heimat loossen ech Iech eng offiziell Aluedung zu eiser Ponttorfeier zoukommen. Des wäert net wéi soss am Juni stattfannen, mee den 4. November.2021. Well d’Lag vun der Pandemie eis et net erlaabt huet, am Juni ze feieren, wëllen mir dat lo am Wantersemester nohuelen.
D’Ponttorfeier ass wéi déi lescht Joren och am Forum M (Buchkremerstraße 1-7, 52062 Aachen) hei zu Oochen. Den Dresscode ass chic (Kostüm a Krawatt fir d’Männer an Räck, Kostümer,.. fir d’Fraen.)
Ab 18:00 empfänken mir dann eis Memberen an d’Representanten vun eisen Partnere. Em 18:30 soll et dann mat den Virträg lass goen. Des sollen em 2h daueren an dono gëtt et een Walking Dinner. Fir Gedrénks an deen klengen Honger ass beschtens gesuergt. Eng Live-Band mat DJ dono sollen fir Stëmmung suergen.
An Däitschland gëllt aktuell d’3G-Reegel, dat heescht et muss een entweder genesen, geimpft oder getest sinn. Bei den Tester gëtt een PCR-Test vun manner wéi 72h an een Schnelltest vun manner wéi 6h akzeptéiert.
Fir besser ze plangen, wier ech frou wann dir mir kuerz eng E-Mail schreiwen kinnt wann dir kommt (lynn.aachen@avl.lu).
Mir freeën eis op Iech an op d’Ponttorfeier!

Mat beschte Gréiss,
Lynn Aachen

Die meeschten vun Iech missten des Nouvelle och scho per Email krut hunn.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.