Keng AG fir 2021

Léif al Oochenerinnen an Oochener,

De Comité wënscht Iech Alleguerten e gutt neit Joer 2021. Mir hoffen, datt dëst Joer an allen Hisiichten e bessert Joer gëtt ewéi 2020 a mir Iech endlech och erëm kënnen Evenementer proposéieren wou mer ons all mol erëm eng Kéier a “real life” kënnen erëm gesinn. Detailer dozou gëtt et eréischt, wann d’Covid Situatioun et erméigelecht.

Keng AG fir 2021

Eng ordinär Assemblée génerale wäert net am Mäerz ofgehale ginn. Och net a Form vun engem online Evenement. De Comité huet dofir decidéiert, datt hien och fir d’Joer 2021 en charge bleift. Bei de Memberen vum Comité bleift 2021 och alles beim alen. Eng Révisioun vun der Kees gëtt eréischt d’nächst Joer gemaach, dann fir den Zäitraum vun 2 Joer. De Keesebilan vun 2020 ass un dëser Mail ugespéngelt. Sollt Dir dozou Remarquen hunn, mellt Iech gäre beim Comité.
Ween gären well am Comité matschaffen, kann sech iwwert Mail (comité@aachen.lu) bei eis mellen, ofgestëmmt gëtt dann an der nächster AG, bis dohin däerf een gären schonn dobäi sinn.

Aktivitéitsbilan 2020

Den Aktivitéitsbilan 2020 fällt erwaardungsgeméiss zimmlech dierfteg aus.

  1. AG 2020 den 11. Mäerz um an der Mëllereffer Stuff zu Steesel
  2. Traditionellen Keelenowend den 30. September 2020 am Café de la Fontaine zu Gousseldeng

Den 11. Mäerz war nach alles an der Rei, och wa mer do scho woussten, datt dat warscheinlech eis lescht Visite an engen Café fir eng Zäitche sollt sinn. Den traditionellen Summerpicnic op Nationalfeierdag op der Musel mat Waasserski huet dann och missen ausfalen. Fir de 4. Juli war dunn geplangt, géint déi Jonk Futtball ze spillen. Et war schonn alles organiséiert, leider hunn eis steigend Covid Zuelen e Strëch duerch d’Rechnung gemaach. Fir onse Keelenowend den 30. September hate mer wéi et schéngt e gudde Slot erwëscht. Ronn 20 al Oochenerinnen an Oochener hunn sech gutt ameséiert zu Gousseldéng. Ze Iessen gouf et HFZ (Ham, Fritten an Zalot). Dann den 21. November konnt d’AGAPE net ewéi geplangt zu Uespelt an der Scheier stattfannen. Mat 50 Participanten wären et ze vill Kontakter ginn. Alternativ wollte mer Iech dofir fir dee selwechten Dag eng Wäischmaach op der Musel proposéieren. Och hei war schonn alles mam Wënzer arrangéiert wéi de Covid nees zougeschloen huet. Dir gesitt, mir hunn alles probéiert.

125 Joer Feier vum AVL

D’125 Joer Feier vum AVL ass schonn an engem Joer. Den AVL an och d’Amicale setzen sech deemnächst zesummen fir ze kucken wei een sech am beschten géigesäiteg dobäi ënnerstëtze kann. Am Raum stinn am Moment eng Rëtsch vu potentiellen Aktivitéiten wou mir als Ancienen och wäerten deelhuele kënnen. Et sief nach e mol dorunner erënnert, datt och dës Kéier soll eng Festschrëft zum Historique vum AVL soll entsoen. Dëst sollt méi ewéi e simple copy&paste vun der Festschrëft vu 1997 sinn, ma et sollen och nei Zeien zu Wuert kommen, nei Anekdoten gezielt ginn an nei Fakte beliicht ginn. Gesicht ginn ëmmer nach Hobby Auteuren/Fotografen déi gären eppes bäidroen. Mellt Iech am beschten direkt beim Wiesel d.erpelding@gmx.net , oder beim Comité comite@aachen.lu.

Memberskaart 2021

Zou gudder lescht hei nach den Hiweis op d’Cotisatioun fir 2021. Iwwerweist Dofir w.e.g är Cotisatioun vun 15 Euro mam Vermierk “Cotisatioun 2021” op ee vun de Compten, CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000 oder BILL : LU79 0027 1005 3380 0000. Alternativ geet och Digicash op de Guy Lux +352 691507808. Merci am Viraus.

Mat beschte Gréiss, fir de Comité,

Jean-Marie Strasser

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.