Den AVL huet nees eng Fra als Präsident: Jeanne-Marie Wagener

Den 20. Januar war nit just deen Dag, wou d’Amerikaner hierem neie Präsident d’Muecht iwwerginn hunn a fir d’éischte Kéier eng Fra als Vize-Präsidentin krueten, zu Oochen guff och gewielt! Zwar op eng ganz speziell Art a Weis, well se wéinst der Pandemie sech nit treffen konnten, online iwwert e Programm mat dem Numm ZOOM, awer gültig! Si hunn och direkt Neel mat Käpp gemeet a schon de Moien fréi hu si eis matgedeel: sou gesäit de Comité vum AVL 2021 aus!

  1. Président: Jeanne-Marie WAGENER
  2. Vize-Président: Tom HUT
  3. Trésorier: Jenny BOURG
  4. Sécrétaire: Justine WELTER
  5. Relations Publiques: Lynn AACHEN
  6. Affaires Culturelles: Alain GEORGES
  7. Activités Sportives: Charel FOHL
  8. Membre: Dave PACKBIER
  9. Membre: Pol MATHAY
  10. Coopté: Marc DEVILLET
  11. Coopté: Felix RIPPINGER

Wi een gesäit sinn d’Fraen zu Oochen mëttlerweil richtig gutt vertrueden. Mat dem Jeanne-Marie, dat letzt Joer schon am Comité war ass no 2017 fir zweete Kéier eng Fra Präsident, mee och di zwou aner wichtig Chargen Trésorier a Sekretär gi genau wi d’Relation Publiques vun den Dammen assuréiert.
Kultur bleift mat dem Alain, och vun engem bekannte Gesicht besat an hieren ale Präsident de Felix hu se cooptéiert.
Mir freeën eis op alle Fall ze gesinn, dass den AVL sou vital bliwwen ass a sech nit ënnerkréien léisst. Weider sou Jongen a Meedercher an op eng gudd Zesummenaarbecht!
Da könne mir geschwenn zesummen eis 125 Joer feieren.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.