Pic-Nic op Nationalfeierdag 2016

Léif Al Oochener,

heimat luede mer iech häerzlech an op eisen

Pic-Nic op Nationalfeierdag

Donneschdes, den 23. Juni

vun 11h30 un um Site vum

Club Nautique du Luxembourg zu Bech-Maacher
(www.cnlwaterski.lu)

 
De Site as direkt un der Musel, wann der vu Réimech kommt, hannert dem Hein lénks ran iwwert eng kleng Bréck.
Parken kennt der vis-à-vis beim Losch: 5, Quai de la Moselle zu Bech-Maacher.

Map

Bei traditionnel guddem Wieder a wonnerbarer Stëmmung bidde mir iech folgende Programm:

Aperitif
Leckeres vum Grill mat allem wat dozou gehéiert
Dessert a Kaffi
Ronderemturnen op der Wiss mat Volleyball, Petanque, etc.
Spass mam Motorboot op der Musel mat Waasserschi, Banane, etc.

 

Net onbedéngt an där Reihefolleg…

W.e.g. mellt iech bis den 18. Juni un, am einfachsten hei:

[lop3 h=”1464640977″]

Hei nach ee klengen Ausbléck op eis aner Aktivitéiten dest Joer wou mer eis och géife freeën iech ze gesin:

25. Juni 2016: Fussball géint dei Jonk um Terrain zu Lëntgen
20. Oktober 2016: Keelenowend am Cafe op der Bréck zu Koplescht
27. Oktober 2016: Karting zu Grüfflingen
12. November 2016: AGAPE A Guddesch zu Biereng

An der Hoffnung iech zuelräich begréissen ze kënnen,

de Comité

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.