Gëscht haate mir ee schéint Grillfest

Belsch CamperNodeems d’lëscht Joër d’Mamer Drëps jo so groussen Uklang bei Grouss a Kléng fond haat, war et kloër dass de Comite d’Leit nach eng Kéier ging op des Plaatz invitéieren wie feststung, dass mir d’Waldschoul och dest Joër den Dokteren missten iwerloossen. De Misch war den éischten, a laang Zäit och eenzigen op der Plaatz. Wëll de Louis dest Joër nit konnt derbäi sinn, war de Pit de Mann vum Daag op deen mir all gewaard hunn! Wëll hien haat d’Schlësselen fir d’Heischen, de Group an de Grill.

Nodeems mir eng Koppel vu belschen Camper, die nit wossten dass den 23.6 zu Lëtzebuerg Feierdaag ass, drop opmierksam gemeet haaten dass lo geschwënn awer vill hongrig Oochener werten hei opGroupkräitzen hunn sie sëch fräiwëlleg verzun an de Pit ass ukomm. Kuerz drop nach den Jean Lou mat dem Gedrénks an dem Fleesch, an och den Änder kumm mat Kaffi, sou dass mir alles konnten oprichten. Sou och de Group, den dest Joër och vill manner Kaméidi gemeet huet wéi dee vum letzte Joër, sou dass d’Leit sëch herno gewonnert hunn, dass mir en sou wäit ginge weg setzen.

Kuelenufänken D’Kuelen guffen och dest Joër mat der bewährten, als DDR-Method diffaméierter Elektrotechnik ugemeet. Während de Pit an de Misch gegrillt hunn, d’Leit sëch alt installéiert hunn, huet de Jean Lou nach d’Kajot’en an d’Baach gesaat, mir hunn d’Salot am Heis’chen opgestallt an du kumm och nach ee Wandhond laanscht, deen allerdings kéng Freed um Grill haat, wëll séng Meeschtesch haat vergiess him de Maulkuerf auszedinn, ier e fortgelaaf ass.
fortgelaaf
Weider Déieren sollten herno op Besuch kommen, sou och dräi Pärd (incl. Meedercher)
Dest Joër war d’Wieder so gudd, et kummen eng Rëtsch Memberen einfach spontan laanscht. Zum Gléck haate mir dorops nit just gehofft mee anscheinend och gerechent, wëll et war fir jidderen genuch do.

An hei nach D Foto’en alleguer.
Wéi beléiwt des Plaatz och bei aneren ass, sollte mir géint Nomëtteg feststellen, wéi eng gréisser Grupp partout geméngt huet, mir sollten nit sou guermangzech sinn, an sie och do grillen loossen. Hätte mir nit fir Chalet, Toiletten etc. bezuelt, wier et och bestëmmt méi einfach gefall, hierem Wonsch nozekommen. Sou hu mir sie missten iwerzeegen, dass aner Plaatzen bestëmmt méi geegent fir sie wieren, sou dass sie sëch dunn awer verzunn hunn.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.