Rapport vum Grillfest

Dest Joer hu mir onst traditionellt Grillfest zwar erem op eisem gewinnten Datum, dem letzebuerger Nationalfeierdaag organiséiert gehaat, mee leider nit op onser gewinnter Plaatz an der Waldschoul zu Esch. Offenbar hunn d’Dokteren definitiv een bessere Prestige wéi d’Ingenieuren, op jidde Fall kruete sie d’Waldschoul a mir nit. Dofir awer konnt eise Präsident, dank de gudde Bezéihungen die mir d’letzt Joer beim Staffellaaf zur Geméng Mamer opbaue konnte, ons eng nei Plaatz fir dest Joer organiséieren:

D’Dreps op der Thillsmillen am Mamerdall

De GruppDe Comité haat sech scho letzte Mount d’Plaatz ugekuckt an et wor alles gudd organiséiert. No deems de Misch séng Invitatioun erausgescheckt haat, hunn d’Leit sech, baal ausschliesslich iwert den Onlineformulaire ugemeld. De Jean-Louis an de Wiesel woren um 9:45 die éischt op der Plaatz an hu mol direkt dem kuerz drop agetraffenem Louis gehollef de Grill auszeraumen, a virun allem de schwéiere Grupp, de mir ons bei der CEGEDEL geléint haaten: Well op der Dreps get et zwar een wonnerschéine Chalet aus Holz, awer keen Elektrisch.

De Louis ass dunn op Moutfort bei de Metzeler Sauber de Killwoon mat dem Fleesch an dem Gedrenks siche gefuer, den Jean-Louis huet an der Rotonde de Grill zesumme geschrauwt, derweil de Wiesel een Drainage creuséiert huet, fir d’Waasser aus der Rotonde z’évaquéieren, well mettlerweil huet et ziemlich staark gereent.
prominent Gäscht

Du kumm Fischbachs Marc an huet ons gehollef am Chalet d’Bänken an d’Descher opzeriichten, well bei dem Wieder, sooten mir eis, werte mir wuel am Chalet iessen mussen. No an no sinn d’Leit agetraff: De Louis kumm zréck mat der Camionnette, eise Ex-Prési de Pit, de Suffi, d’Schank, de Frigo, de Schmuelen, de Bellot, de Lars a souguer Detaille’s Ander mat dem keen Mensch méi gerechent haat, koumen mat hiere Fraen a Kanner. Och d’Sonn huet sech dunn erem erausgetraut an d’Wieder guff richtig schéin.
an der Rotonde guff gegrillt Sie guffen och dringend gebraucht, well lo hu mir missten de Group ausreichend wäit a de Besch droen, a Betrieb huelen a mir hu missten erausfannen, wou d’Steckdous ass fir d’elektrisch Energieversuergung zum Chalet. Den Ander huet fir de Louis d’Leeder gemaacht, waat zum Gleck kee Kontrolleur vun der ITM zu Gesiicht kruet, well sie haaten allen zwee kee Schutzbrell a keen Helm dobäi op!
den Uschloss
De nächste Problem war, d’Holzkuelen fir de Grill un d’Gloussen ze kréien, well Holz haate mir keent agepaackt an dreschen Zweigen waren nierens ze fannen mee zum Gleck haat Jacobys Pit jo säi Fön matbruecht! Entretemps ass de Grupp fir d’zweet ausgaangen, well huet missen Benzin nogefellt ginn an et huet ness ugefaangen mit schiffen.de Foen am Asaatz
Mee kaum hunn eis zwee Grillmeeschter, d’Presidenten Pit a Louis hier Aarbicht u Feyereisens Jang séngem Grill opgeholl, koum d’Sonn zréck a mir konnten gudd maufelen.
D’Sprangschlass waar zwar an der Invitatioun ugekennegt, allerdengs haat ons de Besetzer vum Schlass oofgesoot, well eng Stromversuergung per Grupp fir sou eng Spillsaach nit grad ideal ass. Mee daat war och nit néidisch, die 21 Kanner on och e puer grouss Eefalten hu wonnerbaar an der Baach gespillt:

  • iwert Sténg goen
  • Sténg an d’ Baach geheien
  • Mat den Ascht dra stocheren,

d Haaptsaach
etc. etc. Just aus dem ugekennegten Treppeltour wor näicht ginn, d’Wieder war dozou einfach ze “wechselhaft”, wéi sie um Radio richtig virausgesoot haaten. Nom Iessen kummen dunn och nach Tocke Marc, Axmanns Georges, de mettlerweil aus Amerika a China zréck ass, an och d Elke an de Gilles sinn agetraff, grad mat Zäiten fir Kuch a Kaffi.
et konnt een awer dobaussen iessen Dunn huet de Jean Louis d’Boulen ausgepaak, an et guff Pétanque gespillt, direkt niewt dem Dixie-Toiletten (och sou eng Saach, die mir vun der Waldschoul hier nit gewinnt waaren, mee sie hu gudd funktionéiert!)
Géint 17:00 hu mir dunn ugefaangen erem anzepaaken, well um 19:00 sollt de “Freundeskreis der Litauer in Luxemburg” oder sou ähnlich d’Dreps iwerhuelen an die éischt Balten sinn och schon agetraff.
Wéi de Louis wollte d’Camionette zréck bréngen, huet sech erausgestallt, dass de Reen de Buedem sou opgeweescht haat, dass die viischt Rieder sech an de Matsch agegruewen hunn. Den Axmann s Georges haat zum Gleck eng Anhängerkupplung u séngem Gefiert an huet de Woon nees erausgezunn. Leider hunn ech vun der Aktion kéng Fotoen kenne maachen, well ech war grad am Gaangen de Grill ze boten a kumm eréischt derbäi, wie d’Maschinn schon nees sou gudd wéi erausgezunn waar.
Kanner spillen an der BaachKonsultéiert een d’Lescht vun de Leit die do waren, fällt op, dass trotz dem ugekennigte wechselhafte Wieder, waat et och wierklich guff, awer trotzdem all Mensch den sech ugemeld haat do war, an der souguer nach méi koumen! Statistik:

Memberen: 25
Erwuessener: 43
Kanner : 21

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.