Geschwenn ass d’Agape

Dofir macht et dese Leit no, a meld Iech lo alt schon un!

Bis elo haate versprach ze kommen:
[Lescht spéider suppriméiert]

Hei nach eng Kéier de Programm vum Owend, aus der Fieder vun eisem Michel:


Heimadder welle mier Iech an Är(e) Conjoint(e) fir den 10. November 2007 op eis
traditionnel Agape vun den aalen Oochener invitéieren. Dest Joer feiere mer vun
19:30 un am Restaurant „Re’ser Stuff“ (32, Grand-rue zu Roeser).
Fir dem Kach d’Liewen nët allze schwéier ze machen proposéiere mier Iech erëm eng
Formule mat Fleesch an eng Formule mat Fësch zum Präis vun 55€ (inclusiv Apéritif a
Softdrinks während dem Iessen):

L’éveil du Palais

La Brochette de Scampis avec son Superposé de Jambon de Parme, ses
Champignons, Bouquet de Musclun

Le Mignon de Biche au Croquant de Noix (Menu Viande)
ou
Le Suprême de Sandre, Tagliatelles de Légumes (Menu Poisson)

La Tulipe chocolatée glaçée aux Fruits de la Saison

Le Moka et Mignardises

Fir déi richteg Ambiance suergt eise gudde Kolleg de Roger Bour, mer sin och erëm
gespaant op den Optrëtt vum weltberühmten Oochener Männerchouer an testen äert
Wëssen mat eisem Luxi-Quiz. A wéi ëmmer waarde mer och dëst Joër drop, ween da
lo d’Haam mat heem huelen däerf !
Mellt Iech w.e.g. virum 8. November iwwer Internet oder direkt bei
eisem President oder mäer un (philippe@cegedel.lu / Tel: 388444 / michel_asorne@bce.lu)
Bis geschwënn
Michel Asorne – Secrétaire Louis Philipe – Président

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.