Olympiad géint den AVL den 20. Juni 2026

When:
June 20, 2026 @ 10:15 – 16:00
2026-06-20T10:15:00+02:00
2026-06-20T16:00:00+02:00
Where:
A Mouschelt
250
rte de Fischbach
L-7447 Lëntgen
Olympiad géint den AVL den 20. Juni 2026 @ A Mouschelt

Léif al Ochenerin, Léiwen alen Oochener,

Well Sport jo anscheinend jonk hält, an de Veräin vun den Alen Oochener all senge Memberen eppes Guddes well maachen, invitéiere mir och dëst Joer erëm op eng Summerolympiad. Di jonk Oochener vum AVL sinn och agelueden.

Et ginn dräi Sportaarten ugebueden, do ass fir jiddereen eppes dobäi:

  1. Beachvolleyball
  2. Pétanque
  3. Wikingerschach

Dat Ganzt fënnt statt:
Samschdes de 20ten Juni 2026 ab 10:15 Auer um Barbecue “A Mouschelt”

D’Olympiade start um 11:00. D’Adress ass:

250, rte de Fischbach, L-7447 Lëntgen.

Gespillt gi Petanque a Wikingerschach an Ekippe vun 2.
Beim Beachvolleyball gi jeeweils 2 Ekippen zesummegeloust di da géint 2 aner Ekippe spillen (et sinn also 4 Spiller pro Säit um Terrain). An deem Sënn biede mir iech bei der Umeldung unzeginn, mat weem dir an enger Ekipp wëllt sinn. (Wann et iech egal ass mat weem dir an der Ekipp sidd, dann drot einfach “Mister X” an der entspriechender Case an.)

Optional kënnen déi eenzel Sportler sech nach bei engem Béierlaf vu ganzen 1,5 km moossen. De Gewënner vun der Course gewënnt eng gëlle Kou ?.

D’Olympiade start genau um 11:00 Auer. Fir de Spillplang net duercherneen ze bréngen, verléiert ee Forfait wann een net pünktlech ass. Sot wgl. Bescheed wann dir net um 11:00 kënnt do sinn.

Zéckt net a mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 12 Juni, mathëllef vum Formulaire hei ënnen un.

Fir Iessen a Gedrénks fir d’Mëttesiesse gëtt gesuergt.

Olympiad mat dem AVL 2026
Name
Name
First
Last
Ech sinn *
Ech grillen mat *
Ech maache mat


Bis elo ugemellt sinn:

Name
Ech sinn
Ech maache mat
Ech grillen mat
Jama,Strasser
Ancien
bei der Pétanque,beim Wikingerschach
Jo

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.