Assemblée générale 2007

Eis Assemblée générale am Restaurant Le Lavandin um Kierchbierg war selbstverständlich een Event, mir krueten den Ordre du Jour och gudd an disziplinéiert erduerch.

  1. Allocution du président Louis Philippe

    De Louis huet d’Versammlung mat enger Gedenkminute fir eise lo kierzlich verstuerwene Kolleg Klaus AXMANN eröffnet. De Klaus war zu Berlin op d’Welt komm, am Krich als Kand mat séngen Elteren op Lëtzebuerg evaquéiert ginn a sie sinn dunn hei bliewen. Hien huet dunn zu Oochen Hüttenkunde studéiert, huet op der ARBED geschafft a war vun 1988 bis 1995 Member vun eisem Comité.

    Dunn huet de Louis eng kuerz Zesummefassung vum Programm vum Owend, a vum letzte Joër ginn, daat am Zeechen vum Karlspräis un de J.Cl. Juncker stung, sou dass de Misch schon huet misse färten, hie giff him näicht Neies ze zielen loossen.

  2. Rapport d’activité 2006 du secrétaire Michel Asorne

    De Misch huet dun de Rapport vun den Aktivitéiten 2006 gemeet, an domadder séng Untrëttsried gehaalen. Och hien ass nach eng Kéier drop agaangen, dass et d’letzt Joër, wierklich eng ganz Rëtsch un aussergewéinlichen Aktivitéiten am Cader vun der Karlspreisverleihung guff.

  3. Le Bilan financier 2006 du trésorier Tom Nickels

    Den Tom huet dunn de Keesbericht a Pabéierform virgelugt an och schon de provisionnelle Bilan fir 2007 erstallt wéi wuel den Artikel 13 vum Veräinsgesetz et virgesäit. D’Keesserevisoren Charel Grethen an Carlo Walentiny guffen dunn hiere positiven Avis oof.

  4. Décharge du comité pour l’exercice 2006

    Die war dorops hinn selbstverständlich a guff nit nach laang a Fro gestallt.

  5. Election de trois membres du comité, sortants et rééligibles

    Den Artikel 9 vun eise Statuten gesäit vir, dass d’Comitésmemberen no dräi Joër sëch mussen frësch wielen loossen, dest Joër war et un der Reih vum Jean-Louis Sales an um Marc Fischbach. Vu dass och nodeems eise Präsi een entspriechenden Opruff lancéiert haat, kéng nei Leit sëch wollten an de Comité melden, konnte Jean-Lou a Marc iwerried ginn, nach eng Kéier dräi Joër derbäi ze sinn.

    De Comité 2007 gesäit demno d’nämlicht aus, wie den vun 2006, just dass de Misch ASORNE lo Sekretär vun der Amicale ass. Webmaster an zoustännig fir de Membersfichier bleiwen ëch, soot de Geck.

    Selbstverständlich guff och des Kéier vergiess, de Carlo an den Charel ze froën, ob sie fir d’nächst Joër iwerhaapt nach emol wëlle Keeserevisor sinn, mee mir setzen eis vollt Vertrauen an hieren héige Sënn fir Responsabilitéit, sou dass mir dervunner ausginn, dass sie eis och 2008 nit werten am Stëch loossen.

  6. Présentation des activités prévues pour 2007

    De Louis huet dunn nach de provisorische Kalenner vun eisen Aktivitéiten fir 2007 virgestallt. Detailler stinn nach kéng fest, an et ass och nach nit all Datum konfirméiert, kuckt dofir am beschten vun Zäit zu Zäit d’Aktualiséierungen op desem Site.

  7. Divers

Die folgend Leit hun dorops hin gudd giess, sief et Fësch oder Fleesch, oder à la Carte. Beléiwt woren nees die berühmten opgehaangen Brochetten (brôchette suspendus) vum Lavandin.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.