Guy Lux, neie Präsident vun der Amicale

E Mëttwoch den 11. März war eis Generalversammlung, déi Kéier an der Mullereffer Stuff.

Participatioun

19 Memberen haten de Wee op Mullendorf bei Steesel fond:

  1. Pierre Schweig
  2. Elio Rerman
  3. Ou-xi Zhan
  4. Guy Mahowald
  5. Tom Nickels
  6. Michel Hansen
  7. Louis Philippe
  8. Guy Lux
  9. Pol Dax
  10. Luc Frantzen
  11. Tom Jung
  12. Michel Waringo
  13. Jean-Paul Schreiner
  14. Jacques Meisch
  15. Jean-Marie Strasser
  16. Sophie Hellinghausen
  17. Dengler Simone
  18. Malget Joe
  19. Daniel Erpelding

Well se grad do waren hu mir nach zween aktiv Studenten vun Oochen, de Pit JANS, de Präsident vum letzte Joer an de Mathis MICHELS, aktuellen Vize-Präsident, derbäi invitéiert, fir dass sie sech mol ukucken kinnte, wat an e puer Joer op se duer kënnt.
Mir haten op méi Leit gehofft, mee bis ob een nogewisene Fall war wuel nit Corona di d’Leit zréckgehalen huet fir ze kommen, vermutlich och nit de Football op der Tele. D’letzt Joer waren der och nit vill méi komm.

Rapporten

  • De Präsident huet d’Versammlung géint 19.15 opgemeet mat engem Reckbléck op säin Amtszäit, di 2013 ugung. An deeër Zäit guff et vill personell
  • Changementer, eng staark Verjüngung vum Comité a mir hunn nei Restauranten an Ugrëff geholl, mee am Fong huet sech de Veräin nit geännert.

  • Dono huet d’Sophie d’Veranstaltungen Revue passéieren gelooss.
  • Den Tresorier huet a sengem Bilan festgehalen, dass d’Ausgaben d’Recetten säit Joeren iwwersteigen, an ugereegt an neie Joer deeër
  • Entwecklung entgéint ze wierken, méiglicherweis mat enger Erhéigung vun der Cotisatioun.
  • D’Keesereviseuren Ou-xi a Waringo hunn hiere Rapport virgestallt, an d’Decharge recommandéiert.

Anschliessend huet d’Corona dem Comité d’Decharge ginn.

D’Wahlen

Verschidde Mandater waren ausgelaf (cf. Invitatioun an Iwwersiicht vun de Mandater) a guffen verlängert.

  • Sophie HELLINGHAUSEN a Jean-Paul SCHREINER hunn ugebueden am Comité ze bleiwen,
  • Caroline GASPAR an André DETAILLE konnten aus beruffliche Grënn nit op d’Versammlung kommen, haten hier Kandidatur iwert de Présidentsortant awer in absentia gestallt
  • Par contre ass den Paul NATHAN aus dem Comité ausgeschieden, fir hien guff de Jean-Marie Strasser och par acclamation an de Comité gewielt.

De spannendste Punkt war d’Wahl vum Präsident. Eenzige Kandidat war de Guy Lux. Hien guff par acclamation gewielt.
Well de Guy Vize-Präsident war, guff domadder dee Posten fräi an de Président-sortant huet zu Kandidaturen opgeruff, d’Sophie HELLINGHAUSEN huet sech gemellt a guff vun der Versammlung zur Vize-Präsidentin ernannt.

Dem Guy seng éischt Amtshandlungen

De Guy huet dunn de Programm fir dat neit Joer skizzéiert:
Grillfest, Keelenspillen leien schon fest, vun der Agape bis elo just den Datum. Do wëlle mir nees een anere Site aussichen.
Dono huet de Guy nach virgeschloen, dass säi Virgänger den Daniel ERPELDING alias Wiesel fir seng Verdingschter giff zum Éierepräsident ernannt, sou dass de Comité lo nieft dem Louis Philippe nach een Éierepräsident huet. De Wiesel huet Merci gesot an der Versammlung versechert, dass hien och weiderhin am Comité bleiwen ging, sech lo awer endlich kinnt op d’Präparatioun von der 125 Joer Feier 2022 kinnt konzentréieren, fir déi nach een Buch misst geschriwwen ginn.

D’Iessen

Den Timing war perfekt! Kaum hat de Guy säin Discours zu engem würdigen Enn bruecht, stung de Buffet och schon bereet. D’Motto waren d^Letzebuerger Spezialitéiten:

  1. Feierstängszalot
  2. Wäinzossis
  3. Kniddelen
  4. Judd mat Gaardebounen
  5. gebroden Gromperen
  6. Mettwurst mat Sauermous

Et huet wuel all Mensch gutt geschmaacht. De Vize-Präsident vun deene Jonken war begeeschtert, wéi roueg effizient an zielgerichtet mir eis Versammlung ofgehalen haten.

1 Trackback / Pingback

  1. Loosst ons d’Veräinsgeschicht vum AV d’Letzebuerger nei schreiwen – Aachen.lu – die Al Oochener

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.