Invitatioun fir d’Keelespillen 2011

Léiwen aalen Oochener,

no der Summerpaus steet direkt eng méi oder manner sportlech, dofir ëmsou méi kollegial a lëschteg Aktivitéit um Programm vun der Amicale:

Keelespillen 2011

Dofir gi mer eis e e Mëttwoch den 12. Oktober um 19h Rendez-Vous um Kierchbierg an der Brasserie Kirchberg (wou mer eis och d’läscht Joer ëm de Pokal beméit haten). Natiirlech stärke mer eis kräfteg éier et dann endlech ëm d’Wurscht geet

Mir wäre frou wann’s du dech virum 9. Oktober iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President géifs umellen (louphi@pt.lu / Tel: 388444)

Bis geschwënn

  • Michel Asorne – Secrétaire
  • Louis Philippe – Président

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.