Invitatioun fir de Pic-Nic 2011

Léif jonk an al Oochener,

Wéi an de vergaangene Joeren invitéiere mer Iech mat ärer Famill och dëst Joer op Nationalfeierdag, Dënnstes den 23. Juni, op eisen traditionelle Picknick.

D’Adress ass weiderhin onverännert: mer ginn eis Rendezvous « op der Drëps », am Bësch hannert der Thillsmillen tëscht Mamer a Koplescht.

Vu 11:30 un si mer op der Plaz an offréieren den Aperitif éier dann e gudde Maufel vum Grill zerwéiert gëtt. Zaloten, Gedrénks, Dessert a Kaffi hu mer natierlech och erëm derbäi.

Nomëttes kann da jidderee seng Verdauung bei enger Partie Petanque ureegen oder mat de Kanner an der Baach puddelen.

Denkt w.e.g. drun fir äre Kanner e Puer Stiwwelen an eng oder och zwou extra Garnituren dréchent Gezei anzepaken …

Umelle sollt der Iech bis den 18. Juni op eisem Internet-Site http://test.aachen.lu . oder mellt iech einfach bei eisem President, dem Louis (louphi@pt.lu) oder bei mär (michel_asorne@bce.lu).

Bis geschwënn

Michel Asorne – Secrétaire
Louis Philippe – Président

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.