Fahnen- und Wappenweihe des AVL am 29. Juni 1901

Duerch een glécklichen Zoufall konnt d’lëscht Woch eng Fro geklärt ginn, die bis dato ziemlich ongewëss wor: Wéini guffen Wopen an Fendel beim aalen AV d’Letzeburger virum 1. Weltkrich agefouert?
Ben, daat war den 29. Juni 1901 wi d’Iwwerschrëft vun der Foto beweist:



Effektiv huet d’Urenkelin vum deemolige Präsident, d’Madame Nicole Hartmann-Burghaus, am Internet de Rull-de-Wack fond, mëch ugeschriwen an die Foto’en eragescannt.
Waat kann een erausliesen:

  • De Président vun Louvain “Müller” war derbäi
  • Een gewëssen L. Hemmer, war am Club, an deen wiederum fënd sëch och op der Lëscht vum Verein der Chemiker und Hüttenleute, bei denen die ausgetratt sinn! Een Indiz fir d’Richtigkeet vun ménge Thes, dass den AVL vun Dissidenten vum VChH gegrënnt guff.
  • Och d’Lëscht vun de bekannte Comitardën‘en konnt erweidert ginn, wëll die Leit die rondrëm de Fëndel stinn, droën Schärpen an de Veräinsfuerwen. Et sinn dest (a Klammeren d’Nummer op der Foto) N. Raus (12), C. Keiffer (13) an L. Dondelinger (15). Am wahrscheinlichsten ass, dass den Camille Keiffer de Präsident wor, wëll hien an der Mëtt steet an de Fändel hält.

2 Trackbacks / Pingbacks

  1. Erkenntnisse zum AV Letzeburger der Kaiserzeit – Aachen.lu – die Al Oochener
  2. Revision und Neubewertung alter Fotos – Aachen.lu – die Al Oochener

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.