Den AVL huet säi Comité fir 2024 gewielt

De 17. Januar huet den AVL sech een neie Comité fir 2024 gewielt. D’Auszielung war am Cactus an den Samschden den 20. Januar 2024 huet hier nei Präsidentin eis gezielt, wi et ausgung:
Präsidentin 2024: Anita Barthelmy

  1. Présidentin: Anita Barthelmy
  2. Vize-Président: Philippe Weides
  3. Secrétaire: Tim Goedert
  4. Tresorière: Leny Nickels
  5. Relations Publiques: Fabrice Becker
  6. Kulturminister: Philippe Hirtt
  7. Sportminister: Luc Jakoby
  8. Member: Olivier Ries
  9. Member: Thomas Vinandy

De Comité besteet lo aus 9 Leit, wouvunner der awer just 2 schon an dem Comité virdrunner waren.
Präsidentin ass nees eng Fra, d’Anita wat och di längsten Erfahrung am Comité huet a schon Kulturminister a Vize-Präsidentin war.

Si waren sech nach um Owend vun der Versammlung eens, wien wéi eng Charge iwwerhëllt, an hunn dunn eng Gruppefoto vum neie Comité op der Meedercherstoilette (!) vum Cactus gemeet. Wien se wëll gesinn, muss op d’Facebooksäit vum AVL kucken goen. Anscheinend huet dat mëttlerweil Traditioun.
Wi anescht wor dat zu menger Zäit: di eenzig fest Traditioun war deemols, dass den neie Comité d’MOB botzen muss, och wann et virun allem deen ale war deen se knaschtig gemeet hat. En plus konnt d’Chargeverdeelung an den 1990er schon emol e puer Deeg daueren, well si war dachs ëmstridden.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.