traditionnel Agape am CASINO 2000 zu Munneref

Léiwen aalen Oochener,

Heimadder welle mier Iech an Är(e) Conjoint(e) fir e Samsteg, den 12. November 2011 op eis traditionnel Agape am CASINO 2000 zu Munneref invitéieren. Den Apero get vu 19h30 un zervéiert.

Dono proposéiere mir Iech folgende Menü zum Präis vu 65€ (inclusiv Apéritif a Softdrinks während dem Iessen):

  • Capucccino de Homard crème de tomates séchées
  • Origami de dos de cabillaud, nage de Pétoncles
  • Entrecôte de veau à la moutarde violette, flan parfumé aux champignons sauvages
  • Mousse chocolat au lait
  • Café et Mignardises

Fir gudd Ambiance an Danzmusek werd och gesuergt sinn.

Sollt Dier bei eisem Spill mat der Haam wäit derniewent geroden hun, kënnt Dir um Uschloss vun eiser Soirée är’t Gléck am Casino versichen. Denkt dofir w.e.g. un är Carte d’Identité.

De Casino bidd och Iwwernuechtungsméiglechten mat Kaffi fir 117€ d’Nuecht un. Reservatioun direkt beim Casino 2000 zu Mondorf (23 611 – 213 oder iwwer internet www.casino2000.lu).

Mellt Iech w.e.g. virum 6. November un iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President oder mäer (louphi@pt.lu / michel_asorne@bce.lu)

Fir de Comité

  • Michel Asorne – Secrétaire
  • Louis Philippe – Président

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.