Invitatioun fir d’Agape 2009

Léiw aal Oochener,

Heimadder welle mier Iech an Är(e) Conjoint(e) fir den 14. November 2009 op eis traditionnel Agape vun den aalen Oochener invitéieren. Dest Joer feiere mer vun 19:30 un am

Restaurant "Maxsim’s"

15, rue de Moutfort
L-5310 Contern

De Kach proposéiert eis zwee Menüer mat Lëtzebuerger Kascht zum Präis vu 50€ (inclusiv Apéritif mat lëtzebuerger Spezialitéiten a Softdrinks während dem Iessen):

Menü A (Huesenziwi) Menü B (Judd)
Brittzopp Brittzopp
Wëldpaté mat Zalot Traïpen mat Tiertech
Mirabellensorbet Bierensorbet
Huesenziwi mat Tagliatellen a roudem Kabes Judd mat Gaardebounen a gebrode Gromperen
Kaffi mat Eeerschnéi Kaffi mat Eeerschnéi

Fir déi richteg Ambiance as natiirlech och erëm gesuergt a mer loossen eis vun de Solisten vum weltberühmten Oochener Männerchouer verzauberen. A wéi ëmmer gëtt et och dëst Joër eng gudd Haam ze gewannen !

Mellt Iech w.e.g. virum 7. November iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President oder mäer un (philippe@cegedel.lu / Tel: 388444 / michel_asorne@bce.lu)

Bis geschwënn

Michel Asorne – Secrétaire
Louis Philippe – Président


Invitatioun Agape 2009

[kw-calendar do=”participants” event_id=”15″]

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.