Rapport: Footing um Fond de Gras

d’Préluden

Dest Joër haaten mir den Fonds de Gras fir eis Randonnée erausgesicht!
Den Virschlag fir des Strëck kumm vum Albert Hilger (Abbes), den
dann och d’Strëck virdrunner eng Kéier mat eisem Präsident
dem Louis Philippe oofgaangen ass.

Den Foussmarsch

Nodeems all Mënsch d’Schwierigkeet vun der Anfahrt gemeeschtert haat
(leider haaten d’Aarbëchter an Tëschenzäit d’Stroos fir bei
d’Giedel weider opgerappt, sou dass een genau deen aanere Wee huet missten
dohinner fueren, ass wéi mir op eiser Invitatioun
ugerooden haaten), sinn dunn eng Rëtsch aal Oochener (Albert Hilger,
Constant Colling, Michel Asorne, Tom Nickels, Jean-Louis Sales, Serge Wagener,
Daniel Erpelding) mat an ouni hier Familjen iwert den gielen Botter (hei zur
Illustratioun een Text
vun der LNVL
) getrëppelt. Just eisen Prési den Lulle kunnt
wéinst der Verletztung, déi hien sëch den Daag virdrunn
zougezunn huet, nit matgoën a konnt den ganzen Marche just vum Parking/Spidol/Restaurant
aus koordinéierend iwerwaachen. Et huet zwar gelegentlich gedrëppst,
trotzdem sinn mir all sou gudd wéi drëschen bliewen a konnten
d’Regeneratioun die der Natur zenter dem Stopp vum der Exploitatioun vun der
Minière 1977 gelongen ass, bewonneren.

D’Iessen an der Giedel

Zum Mëttegiessen am Restaurant an der Giedel hunn sëch dunn weider
aal Oochener mat ihre Fraën a Kanner afond. Oofgesinn dovunner dass

  • keen sou richtig wusst, wou mir sollten sëtzen, an d’Klärung
    vun der Fro, eis gudd eng hallef Stonn kascht huet
  • et am Sall soukaal war, well engersäits den Holzuewen falsch behëtzt
    wor (den Lulle, de Sabbli an zahlräich Kanner, hunn sëch gréisser
    Verdéngschter em séng Inbetriebnahme ze gudd ze schreiwen)
    an anerersäits d’Garçon’en an d’Serveusen d’Dieren emmer erem
    opgerappt awer nie zougemeet hun
  • daat fir 12:00 bestallten Iessen eréischt um 13:30 um Dësch
    stung

war et nawell ganz erdréiglich

D’Fahrt mat dem Zuch

Mat der, duerch die Verzögerung beim Iessen bedingten Verspéidung
sinn mir dunn um 15:23 (jooo, beim Train
1900
get den Fahrplang nach agehaalen!) am der Dampmaschin duerch den
Bësch op d’Péitenger Gare gefuer, zur grousser Freed vun denen
Klengen awer och den Groussen. No enger halwer Stonn Paus mat Verpflegung
gung et dunn zréck

d’Visite vum Parc industrielle

Doriwer kann ëch leider näicht schreiwen, ëch hunn déi
nit méi matgemeet..

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.