Rapport Assemblée générale

Léiw Kollegen fun der Amicale,

Den 18. März 2003 ass eis Generalversammlung am Restaurant « Le Lavandin » um Kirchberg ofgehâle gin.
Am Num fun eisem Präsident, déen am Ausland war, huet den Jean Feyereisen 21 Memberen zu eiser Generalversammlung begréisst.

Assemblée extraordinaire

An dësem 1. Déel fun der assemblée huet de Jang eis d’Propositiounen fir d’Statutenännerung firgelugt déi ausgeschafft gin waren fir dass d’Kollegen fun der FH och bei eis an d’Amicale kënnen obgeholl gin. Déi Propositiounen sin éestëmmeg ungeholl gin an kënnen um INTERNET SITE www.avl.lu/amicale agesin gin.

Assemblée générale

Well den Pit nët do war ass den Reckbleck iwer d’Aktivitéiten fum Joer 2002 méi kurz ausgefall. Et ass bemierkt gin dass d’Begéeschterung fir verschidden fun eisen Aktivitéiten oofhëllt, wéi zb. den Pic-Nic, oder den Footing. D’Participatioun un der Agape am Restaurant Steinmetz oder um Fernand Weiland sengem Kéelentournoi ass weider ganz gudd.
Den Trésorier Marc Fischbach huet eis dun en ausgeglachenen Bilan vun eisen Financen präsentéert. Eis finanziell Situatioun as gutt an weist en Wuestum fun ca. 20% op, bedengt doduerch dass mer d’Cotisatiounen eropgesat hun.
Wéinst déenen neien IBAN Nummeren fun den Banken rappeléieren mer Iech hei d’Nummer fun eisem Kont bei der DEXIA BIL LU79 0027 1005 3380 0000. Méi Informatiounen fand der um INTERNET. D’Cotisatioun fir 2003 bleift bei 15,00 EURO an soll am allerléiwsten mat ORDRE PERMANENT bezuelt gin.

Den Charel Grethen huet am Numm vun de Késserevisoren dem Marc Fischbach e Kompliment fir seng gudd Arbecht em eis Finanzen gemach an der Assemblée virgeschloen him d’Décharge ze gin. D’Versammlung huet dunn och éstemmeg de Késserevisoren an dem Trésorier Décharge gin.

Als Késserevisoren fir 2004 sin de Charel Grethen, den Carlo Walentiny an den Fernand Schlim ungeholl gin.
Nodém de Rapport vum Trésorier mat den Konten gud gehéscht gi wor huet d’Wiel fir eng partiell Erneierung vum Comité stattfond.

Folgend Memberen sin ausgetrueden an sin per Acclamatioun erëm gewielt gin :

  • Jean Feyereisen
  • Marc Fischbach an
  • Jean- Lou Sales

Den Paul Kinsch trëtt aus dem Comité aus an stéet nët méi zur Verfügung. Merci dem Paul fir seng Arbecht an déenen 7 Joer wou en derbei war.
Den Pit Jacoby stellt aus beruflechen Grënn sein Präsidentenposten zur Verfügung. Als sein Nofolger gouf den Louis Philippe per Acclamatioun gewielt.

Den Louis Philippe huet als seng Prioritéiten den Kontact mat déenen Jonken an déenen fun der FH , souwéi d’Attractivitéit fun eisen Manifestatiounen genannt. Dem Pit Jacoby huet hien merci gesot fir déi gut Arbecht während den leschten Joeren an huet hien als Eireprésident fun der Amicale virgeschloen.
Den neien Comité a seng Chargenverdélung geseit folgendermoosen aus :

Président Louis Philippe CEGEDEL
Vizeprésident Daniel Erpelding IEES
Secrétaer Jean – Lou Sales Spuerkees
Trésorier Tom Nickels CFL
Eiereprésidenten Jean Feyereisen CDC
Pit Jacoby ARCELOR
Jean Thielen LUXINNOVATION e.r.
Fernand Weiland Céramétal
Memberen Jens Christiansen Simon & Christiansen
Fränz Goedert Amersil e.r.
André Detaille ARBED
Marc Tock Ceramétal
Marc Fischbach Arts et métiers Lux.

Hei de Kalenner mat den Aktivitéiten fir 2003

  • Football Amicale géint d’AVL 17. Mé
  • Treppeltour 18. Mé
  • Pique- nique an der Waldschoul zu Esch 23. Juni
  • Tennis- Tournoi zu Moutfort 25. Oktober
  • Keelentournoi mam Fernand Weiland am Hierscht
  • Agape zu Bech am Restaurant Steinmetz 8. November

Mierkt iech w.e.g. dess Datumen fir. Dir kritt fir all Evenement nach eng speziell Invitatioun.
Als leschten Punkt fum Owend huet den Daniel Erpelding eis mat Laptop an Projector den INTERNET SITE www.avl.lu/amicale firgestallt an erklärt. Mir sin den Moment nach bei déenen Jonken fum AVL intégréiert. Mir kucken awer fir en égenen domain ze kréien.
No engem gudden Owendiessen ass d’Versammlung a geléister Stëmmung op en Enn gaangen.
De Komité vun der Amicale wënscht Iech alleguer vill Spaass mat eisen Aktivitéiten, an fréet sech Iech, méi zahlreich wéi soss Joeren, bei eisen Aktivitéiten eremzegesinn.

De Président Louis Philippe an De Sekrétaer Jean – Lou Sales

Desen Text als PDF

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.