120 Joer AVL: “Ponttorfeier” iwwert der Mayerschen

Hei e kuerze Bericht iwwert d’Participatioun vun e puer alen Oochener un den 120 Joerfeierlichkeeten zu Oochen. Hei deen éischten Deel, den Opmaacher: Ponttorfeier.
D’Studenten haten eis an den “Forum M” geruff. Di méi al vun eis hunn do e bessi gestutzt? Si si lo sou seriö, dass lo souguer schon d’Ponttor am Hörsall stattfënd? Mee Nee! De Forum M ass eng Etage iwwert der Mayerschen Buchhandlung an der Buchkremerstrasse, beim “Kreislauf des Geldes”, di een ka lounen.


D’Studenten haten ganz pragmatisch, hiert Héichamt “Ponttor”, also eigentlich d’Feier zum Nationalfeierdag, an d’Festlichkeeten matagebonnen a souguer verschiddenen Letzebuerger Firmen zu enger Table Ronde agelueden, di zwou Stonne virdrunner lass gung. Den Auteur vun desem Rapport hat et natierlich, wéi di meescht aner Kollegen aus dem Club sou ageriicht, dass mir d’Table Ronde nit géifen stéieren a sinn erréicht dono komm.
Et sollt sech erausstellen, dass dest den zousätzliche Virdeel hat, dass nach weider al Oochener konnten dobäi sinn, quite dass si hier Rees op Oochen hu missten als Dingschtrees ugesinn.

Phantastisch och di Aussicht!

Iergendeen vun de Studenten hat dunn di gutt Iddi de Kader vun der 120 Joer Feier ze notzen, fir eng Foto mat allen anwesenden ehemaligen Präsidenten ze maachen. Et woren natierlich keng 120, mee awer schon eng uerdentlich Unzuel. De Jean-Marie war sou fäin fir d’Fotoën fir ons ze maachen. Leider hunn d’Leit haut keng Disziplin méi fir gestallte Fotoën, iergendeen wackelt ë,mmer grad. Mir hunn der mol di beschten erausgewielt, dir sicht Iech dann déi, di am besten passt.

Nom Stehempfang hat dunn den Oochen Männerchouer säin Optrëtt. Leider hat den Auteur vun desem Bäitrag do seng Kamera nit méi zur Verfügung an huet missten mat dem Handy e puer Fotoën maachen, di leider nit besonnesch gutt erauskoumen. Mengen Stëmmung fänken se awer an. Gënschteg war, dass d’Studenten e Piano fir hiere Pianist haten.

Ganz gutt ukomm, och bei den Ancienën sinn di zwee Bouwen vun “Zero Point Five”, mat hiere Lidder, vu Country an Irish Folk a Letzebuerger Traditionnals. Genau déi Musëk, di dozou passt! Gutt gespillt Jongen!

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.