Registréieren a Spam

Leider hunn ëch zwou, bis elo ganz interessant Optionen missten oofschalten:

  • Et kann een keen Kommentar méi hannerloossen, wann een nit registréiert ass. Wëll leider ass den Site an den Spamkommentaren erstëckt. Dovunner huet Dir kaum eppes matkritt, wëll Kommentarer erréicht hei erschéngen, wann se vun engem Administrator aprouvéiert sinn. E waren zum Schluss praktisch 100 Spam Kommentarer gläichzäitig, die mëch opgefuerdert hunn, Medikamenter ze kaafen
  • Folgerichtig hunn ëch och missten d’Méiglichkeet spären, fir sëch selwer ze registréieren. Well soss hätt sëch den Problem just verlagert, wëll d’Spammer dann versicht hätten, sëch bei aachen.lu ze registréieren.

Et ass denkbar, dass d’Méiglichkeet, fir sëch ze registréieren, ërem fräigeschalt gett, wann alles sëch berouigt huet, ëch kann mir awer och virstellen, fir all Member deen eng E-Mail Adress huet, een Kont anzerichten. Wien gären registréiert wier, kann sëch jo u mëch wenden.
Merci

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.