Membres sortants

Mäi Virgänger, den Jean-Louis Sales haat mir een Fichier iwerginn, den Compte rendu iwert d’Entree, d’Zougehéierigkeet an d’Sortie vun den eenzelnen Comitéesmemberen zenter 1990 get, den Fichier hunn ëch elo erëmfond/neientdeckt, Een “X” steet dobäi fir eng (Ré-)électioun, een “-” fir Net-Zougehéierigkeet zum Comite.
Et fällt op, dass mir, wéi sëch daat fir een Veräin vun Ingenieuren gehéiert, eis zenter Joerzéngten wuel nach nie un eis eegen Statuten gehaal hunn, aus der Mandatszäit vun 3 Joër, die am Artikel 8 virgesinn ass, guffen der véier. Sollech Traditiounen sollt een natierlich viruféieren, an deemno wieren dest Joër “sortant” wëll hiert Mandat oofgelaaf ass:

  • Daniel Erpelding
  • Tom Nickels

En plus nach een vun den dräi Dingschteelsten:

  • Jean FEYEREISEN am comité zenter 1976 (30 Dingschtjoëren)
  • Pierre JACOBY am comité zenter 1981 (25 Dingschtjoëren)
  • Marc TOCK am comité zenter 1983 (23 Dingschtjoëren)

cf. Komiteeslëscht.

Wien sëch léiwer die Tabell am PDF ukuckt, klickt op den Link. Déi léisst sëch och méi liicht ausdrëcken.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.