Nodeems mir op der Generalversammlung vernomm haten, dass eis Leit sech nees méi Manifestatiounen vum Club ginge wënschen, hu mir eng Traditioun aus den 1980er […]
Mir lueden Iech heimadden häerzlech an, op d´ Fréijoerskeelenspillen
den 30. Mee um 19:00
am Café Op der Bréck zu Koplescht. Dir könnt Iech hei umellen.
Hei fann Dir eng Iwwersiicht vun eisen Aktivitéiten di dëst Joer ustinn a wou mer eis géife freeën Iech ze begréissen:
30.05.2018: Fréijoerskeelenspillen
23.06.2018: Grillfest op Nationalfeierdag
07.07.2018: Fussball géint déi Jonk
14.07.2018: Wäinprouf
04.10.2018: Hierchtkeelespillen
10.11.2018: AGAPE
14.03.2019 Assemblée Générale
Bericht iwwert den Oflof an d’Ergebnisser vun der Generalversammlung am Ultimo zu Mamer.
Begréissung duerch de Präsident, Auteur vun desem Bericht.
Rapport d’activité duerch de Sekretär, d’Sophie, Keesebericht vum Schrulli, Décharge vum Comité
Neiwahl, véier neier: Dax, Heckel, Meisch a Molch.
Agape d’nächst Joer um Staffelter.
Klickt op d’Foto oder op d’Iwwerschrëft fir de ganze Bericht!
Kuerz virun der Generalversammung huet eis al Software, mat deeër een sech ëmmer konnt umellen, leider de Geescht opginn! Et war dem “Roemi” säi “List […]
Mir hunn elo de Menu. Wann Dir schon ugemellt sidd, da wier et fäin wann Dir eis kinnt matdeelen, wat Dir gären iessen gifft, well mir mussen dem Restaurant Bescheed ginn.
Wann Dir nach nit ugemelt sidd, lo wier d’Geleeënheet. (Et ass nit verbueden, d’Formulaire eng zweet Kéier auszefëllen)
Léif Kolleginnen a Kollegen,
Heimadden invitéiere mir Iech ganz häerzlech op déi éischt Aktivitéit vun der Amicale fir d´Joer 2018. Haalt Iech deemno Donneschdes, de 15. Mäerz fräi fir d’Assemblée Générale 2018.
Rendezvous ass um 19:00 am Restaurant “L’Ultimo” (83, Route d’Arlon, L-8211 MAMER).
Den 11. November 2017 am Restaurant A Guddesch zu Miersch * 1, am Kaesch L-7593 Biereng
Amuse-Bouche
***
Saint-Jacques pochées à la saveur vanillée, petite soupe de coco et orange accompagné de sa julienne de légumes
***
Médaillons de veau façon Saltimbocca, pommes de terre grenaille et légumes de saison (à volonté)
ou
Filet de bar rôti sur peau, émulsion de beurre blanc, purée de céleri et riz frit
***
Moelleux au chocolat et sa boule de glace