Invitatioun fir eng Wäinprouf mat Trëppeltour zu Ahn

Léif Kolleginnen a Kollegen,

heimat luede mer Iech häerzlech an op ons Aktivitéit

Wäinprouf mat Trëppeltour
Samschdes, den 14. Juli zu Ahn

Um 15:00 begréisse mir Iech ganz häerzlech um Site vun der Kellerei Max-Lahr et Fils zu Ahn.( 6, Rue des Vignes, 5401 Ahn)

Mir starten bei der Kellerei kuerz no 15 Auer wou mir dann mam Wënzer duerch Wéngerten spazéieren ginn. Dir sollt och fest Schung do undoen well et geet net ëmmer iwwer gefestegt Weeër. Dëst bedeit leider och dass den Wee ganz schwéier mat enger Kutsch ze maachen ass.

Während dem Trëppeltour kréien mir dann alles rondrëm den Wäin erkläert an kennen dessen natierlech och schmaachen. Dobäi gëtt et dann och eppes Klenges ze iessen.

No ongeféier 3,5 Stonnen (mat genuch Pausen) treffe mer rëm an der Kellerei an wou mer dann den Grill umaachen an nach déi eng oder aner Fläsch Wäin drénken.

Dat ganzt kascht 25€ op de Kapp mat allem dran. Déi Suen ginn dann deen Dag dohannen opgehuewen.

Mellt Iech w.e.g bis spéitstens den 12ten Juli 2018, 17:00 um Internetsite www.aachen.lu un sou dass mir mam Gegrills plangen kennen.

Léif Gréiss

Joe Malget


Numm
Virnumm
Erwuessener
Kanner
Mir grillen mat
Joly
Christian
1
0
jo
Malget
Joe
1
0
jo
Dax
Paul
2
0
jo
richartz
carlo
1
0
jo

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.