Invitatioun Assemblée Générale 2016

Léif Kolleginnen a Kollegen,

ech hoffen dir hudd d‘Joer souwäit gudd ugefaang. Et steet och schon déi éischt Aktivitéit vun der Amicale un, dofir luede mer iech en Dënsdeg, den 8. Mäerz um 19:30 an de Restaurant L’Ultimo (83, Route d’Arlon, L-8211 MAMER) an op d’

Assemblée Générale 2016

Op der Dagesuerdnung steet dëst Joer:

  • Allocution vum President
  • Aktivitéitsrapport vum Secrétaire
  • De Bilan aus der Siicht vum Trésorier
  • Décharge vum Comité fir den Exercice 2015
  • Wal vun de Comitésmemberen. Folgend Memberen si sortants:
    André Detaille, Jean-Paul Schreiner a Marc Tock.
    Déi eischt zwee sin awer rééligibles.
  • Virschau op d‘Aktivitéiten fir d‘Joer 2016
  • Verschiddenes

Uschléissend géife mer zu dem kulinareschen Deel kommen wou mer op der Plaz tëscht e puer Entréeën an Haaptplaten wiele kënnen. De Präis läit jee no Haaptplat tëscht 19,9€ an 25,9€. Wien dann nach net genuch huet kann sech mat engem Dessert à la Carte verwinne loossen. De Menü fannt der e puer Deeg virdrun op http://www.espaces-saveurs.lu/lultimo_menusdumoment.php.

[lop3 h=”1455895515″]

Ech erlabe mer Iech och nach eng Kéier drun ze erënneren datt eise Membersbäitrag fir d’Joer 2016 onverännert bei 15€ läit. Hei eis Kontosnummeren:

CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000
BILL : LU79 0027 1005 3380 0000

Mat beschte Gréiss,

Fir de Comité

Pierre Schweig

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.